D’CSV Gréiwemaacher feiert hieren Députéierten

De Mëttwoch 29. Juli huet eise frëschgebakenen Deputéierten, de Léon Gloden, seng Frënn a Famill op e Patt invitéiert. A senger Ried huet hien en etlech Mercien ausgeschwat, virun allem sengen Elteren a senger Fra, déi hien sou vill ënnerstëtzen.  Hien huet un d’Joer 1999 erënnert, dat Joer wéi hie fir d’éischt zu Maacher mat an d’Gemeenewale gaang ass. E besonnesche Merci ass un den Norbert Konter, René Haas, Jhemp Urwald an den Neckel Dellere gaangen. No engem kuerze Réckbléck op déi lescht 7 Méint – vun der Nominatioun zum Kandidat bis haut – kruten all déi déi bei dëse Walen 2009 matgehollef huet nach eng Kéier gedankt.

Duerno huet de Léon Gloden seng éischt Andréck aus der Chamber zum Beschte ginn.

De Guy Cognioul an d’Liane Felten hunn dem Léon Gloden a senger Fra Martine, am Numm vun der CSV Maacher, Kadoen an eng flott Kaart iwwerreecht fir nach eng Kéier ze gratuléieren.

Deen Owend ass bei engem goude Patt a ville Schneekereien, an och enger Zigar,  gutt gefeiert ginn.

 Député Léon Gloden

Député Léon Gloden