Question parlementaire iwwer den Neibau vum LTJB

Als neien Deputéierten aus eiser Gemeng huet de Léon Gloden kierzlech seng éischt Question parlementaire gestallt.

Et geet em deen alen Deel vum LTJB deen iwwer de Summer ofgerappt ginn ass. Wéi et ausgesäit ass am Neibau kee weidere Parking geplangt fir d’Léierpersonal dat all Dag dohinner schaffe kënnt, an och net fir déi vill Leit déi op där Plaz un Owescoursen deelhuelen. Am Hibléck op d’Pläng vum Maacher Gemengerot fir e Parking résidentiel anzeféiere muss do no enger Léisung gesicht ginn. D’Question parlementaire freet Informatiounen zu deem Sujet, vergläicht den LTJB mat engem anere Lycée deen och an engem Wunngebitt läit, a sicht no enger Léisung fir des Situatioun.

Liest hei de ganzen Text.