Gemengerot vum 23. Februar

Liest hei wat d’Wort iwwer d’Sëtzung vum Dënschden 23. Februar schreift:20100224_eintrittspreise im freibad angepasst_kritik an ausbau op flohr (Medium)

Zousätzlech Erklärung zum Bericht an der Zeitun:

Firwat huet d’CSV-Fraktioun sech enthale beim Vote vun der Präiserhéijung vun der Piscine?

D’Gemeen muss schonns eng Rei Taxen hiewen, ewéi z.B. de Waasserpräis, duerfir soll ee net – wann et net onbedéngt néideg ass –  och nach Präisser oder Taxen hiewen iwwer déi d’Gemeen eegestänneg kann decidéieren. D’Plus-value vun der Hausse vun de Präisser wäert ongeféier 15.000 Euro ausmaachen, domat rett een och net den Defizit vun der Piscine. Et wier ubruecht generell Käschte vun der Piscine z’iwwerdenken an eng méi effizient Gestioun an Iwwerwaachung vun den Dépenses courantes vun der Piscine ze maachen. Mais hei huet de Schäfferot versot, well e net um Terrain ass.

En plus ass eng Ofsprooch vun de Präisser mat anere Gemeenen illicite, well contraire zum Gesetz iwwer d’Konkurrenz.