Keng weider Petrolstanken!

Liest hei dem Léon Gloden seng rezent Interventioun an der Chamber:

“Beim Vote iwwer de Projet de loi n° 6045 iwwer d’Administratioun an d’Exploitation vum Merterter Hafen an deem et net direkt iwwer d’Erweiderung vun den Petrolstanken gaang ass mais iwwer d’Verleeen vun néien Schinnen am Hafen, huet den Députéierten Léon Gloden op der Chamber’s Tribün sech dofïr agesaat nodeem hien schon eng Question parlementaire den 27. Oktober 2009 gestalt huet, dat eng national Solution betreffend d’Opstockung vun den Petrolsreserven am Lëtzebuerger Land fonnt misst gin. Hei misst och onbedengt national Solidaritéit spillen. Well um Site vum Hafen schons ganz grouss Mengen vum Petrol stockéiert gin sin, misst fir d’eischt no Siten an aaner Regiounen vum Land gekuckt gin well eng Opstockung vun de Petrolsreserven kann net exclusiv oder haaptsächlech um Reck vun der Liewesqualitéit vun den Biérger vun den Gemengen Grevenmacher an Mertert gemaach gin.”

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)