Äntwert op d’parlamentaresch Ufro iwwer de lëtzebuerger Wäin zu Shanghai

De 14. Abrëll kruten d’Ostdeputéiert Léon Gloden a Marie-Josée Frank eng Äntwert op hir parlamentaresch Ufro iwwer de lëtzebuerger Wäin op der Weltausstellung zu Shanghai.

Aus der gemeinsamer Äntwert vum Minister Krecké zesumme mam Landwirtschafts- a Wäibauminister Romain Schneider geet erfier, dass de lëtzebuerger Wäin a Crémant bei allen offiziellen Uläss d’Exklusivitéit genéisst. Am Restaurant, dee vun engem chineesesche Groupement exploitéiert gëtt, steet de lëtzebuerger Wäin a Crémant zesumme mat aneren auslännesche Wäiner a mat lëtzebuerger Béier op der Gedrénkskaart.

Liest hei de ganzen Text vun der Äntwert.