D’LSAP an d’Maison médicale am Osten

Et ass gewosst, daat den Osten a Punkto medezinesch Betreiung alles anescht wéi gudd do steet. Dofir haaten di Deputéiert Marie-Josée FRANK an Léon GLODEN och eng parlamentaresch Ufro un de Gesondheetsminister Mars DI BARTOLOMEO gemach, an hunn an deem Zesummenhang eng Maison médicale fir den Osten gefuedert. (eisen Artikel op der Säit vum Bezierks Ostenparlementaresch Ufro)

Matt dëser Fuederung sollten si net eléng bleiwen. Esou wor dëser Deeg am Tageblatt (20100401_tageblatt_schmit_maison médicale) ze liesen, daat den LSAP-Spétzekandidat aus dem Osten an aktuellen Arbechtsminister, Nicolas SCHMIT, op der Generalversammlung vun der LSAP-Gréiwemaacher säi Bedaueren zum Ausdrock bruecht huet, daat et nach ëmmer kéng Maison médicale zu Gréiwemaacher gëtt !!

Virun de Walen huet d’LSAP de Wieler aus dem Osten nach eng Maison médicale fest versprach (LSAP Pluspunkt3 fir den Osten). Um LSAP-Osten Kongress am Januar huet et dann geheescht “die LSAP steht zu ihren Wahlversprechen” an den Dossier “Maison médicale am Osten” kéim gutt virun ! (Artikel-T-Kongress LSAP)

Ëmsou méi iwweraschend ass dann d’Äntwert vum zoustännegen LSAP-Minister Mars Di Bartolomeo : Den Osten ass scheinbar nët „interessant“ genuch fir eng Maison médicale. Villméi gët elo de Ball an d’Reien vun den Dokteren (Generalisten) geworf. Déi sollen sech zesummen dinn, an a sougenannten „cabinets de groupe“ d’Auerzäiten vun de Consultatiounen aus ze deenen, an esou d’Leit aus dem Osten zefridden ze stellen. (Äntwert vum Minister) → (RTL Kommentar zum Thema op rtl.lu)

Entgéint der Duerstellung vun der Santé léisst di medezinesch Primärversuergung am Osten vum Land plaazeweis ëmmer nach ze wënschen iwwreg.

De Gesondheetsminister huet dann awer – wéi op Bestellung – d’Ënnerstétzung vun der Dokteschvereenegung (AMMD) an deem Dossier kritt. (RTL-Interview Generalsekretär vun der AMMD, Claude Schummer)

Vielläicht hätt de Gesondheetsminister éischter säin LSAP-Ministerkolleeg aus dem Osten ëmm Rot froën sollten; deen huet et jo als Arbechtsminister ëmmerhin färdeg bruecht, eng CSV-Fuerderung ëmmzesetzen (eisen Artikel op der Säit vum Bezierk Osten), an e Regionalbüro vun der ADEM zu Waasserbëlleg opzemaachen !

[Artikel iwwerholl vun http://osten.csv.lu]