Interessant Froeronn um CSV On tour

Em 150 interesséiert Leit hu sech, trotz dem schéine Wieder dobaussen, zu Rued-Syr afonnt fir um CSV On tour Erklärungen ze kréien zu de Moossnamen déi eise Premier an der Lag zur Natioun formuléiert hat.

Niewt den CSV-Mandatairen aus dem Oste waren och d’Ministere Luc Frieden a Claude Wiseler, souwéi de Parteipresident Marc Spautz present.

D’Ministesch a Presidentin vum Bezierk Osten Françoise Hetto-Gaasch huet d’Gespréichsronn opgemaach an d’Ministesch Octavie Modert huet weider Erklärungen zur Situatioun gemaach. Duerno huet de Finanzminister Luc Frieden déi eenzel Moossnamen am Detail erklärt.

D’Froen vun de Leit sinn gréisstendeels un de Finanzminister geriicht ginn. Et goufe vill Froe gestallt, ënner anerem  zu de Steieren, dem Index, dem ëffentleche Verkéier, der A13 zu Helleng an

D’Schlusswuert huet den CSV-Generalsekretär Marc Spautz geschwat, ier de Bezierk zesumme mat der Sektioun Betzder op e Patt an e Maufel invitéiert huet.