Op de Punkt – Gréiwemaacher

 

Dëser Deeg hunn déi Maacher Bierger den “Op de Punkt” an hier Bréifkëscht kritt.

Well mir nach keng elektronesch Versioun vun där Publikatioun virläit, hei e puer Erklärungen zum Inhalt.

Déi éischt Säit vun dësem Informatiounsblat ass e ganz  detailléierten Artikel fir déi finanziell Situatioun vun der Gemeng  z’erkläre mam Titel “Gemeinde Grevenmacher: Sehr angespannt finanzielle Lage”. Dësweideren sinn Artikelen dran iwwer déi parlamentaresch Ufroe vum Deputéierte Léon Gloden zu der Maison médicale am Osten, zu den Tanken am Mäerterter Hafen an zum Bau vun engem Parking ënner dem Maacher Lycée. Zu dësem leschte Sujet ass och eng wichteg Décisioun elo offiziell: “… Daraufhin hat Minister Wiseler die Pläne überarbeiten lassen und entschieden, eine Tiefgarage mit 50 Parkplätzen in das Gebäude zu integrieren.” Dës Demande vun der CSV bréngt ronderëm de Lycée an d’Primärschoul méi Liewensqualitéit duerch Verkéiersberouegung.

Och d’Positioun vun der CSV zu der Erhéijung vun den Entréespräiser an der Schwemm, zum Oflaf vun der Aarbechten um a ronderëm de Fussballsterrain op Flohr an zum Verkéierskonzept sinn an dësem Bliedchen nozeliesen.

All aktuell Informatioun zu dësen an aner Punkte kënnt dir ëmmer als éischt op dëser Plaz liesen, op //greiwemaacher.csv.lu