De Rudi Steffen réckelt no an de Gemengerot

An der Gemengerotssëtzung vum 25. Mäerz ass ee vun eise Kandidate fir d’Gemengewalen 2011 an de Gemengerot nogeréckelt. A senger Ried ass de Rudi Steffen op déi onglécklech Ëmstänn agaang an huet erkläert firwat hien dëst Mandat ugeholl huet.

Hei e klengen Extrait:

Meng Decisioun fir d’Mandat als Conseiller am Maacher Gemeenerot unzehuelen, ass keng Decisioun géint meng sozialistesch Kollege vu fréier, mä d’Konsequenz dovunner, datt ech mech grondsätzlech décidéiert hat fir e politescht Engagement.
Well awer elo déi speziell Situatioun agetrueden ass, datt ech als éischte Remplaçant op der sozialistescher Lëscht an de Gemeenerot noréckelen, mëttlerweil awer bei der CSV sinn, verspriechen ech – aus Respekt virun Jacques an op Grond vum politesche Fairplay – datt ech net um Vote deelhuelen, wa politesch brisant Punkten um „ordre du jour“ vum Gemeenerot stinn, déi Majoritéit an Oppositioun splécke kënnten. Dat ass an dësem spezielle Fall mäi Versteesdemech vum politischem Fairplay.

Liest hei déi ganz Prise de position vum Rudi Steffen.