CSV Maacher “On Tour”

Den Dënschden 20. September kruten d’Memberen vun der CSV Sektioun Maacher de Wahlprogramm “en avant-première” virgestallt. Et war en informativen a flotten Owend.

De Mëttwoch 21. September war dunn den offiziellen Wahloptakt vun der CSV op nationalem Niveau. Selbstverständlech waren déi Maacher Kandidaten do och vertrueden.

De Freiden 23. September hate mir dunn eisen éischte Bistrostour mat den CSV Kandidaten, fir bei d’Leit ze goen a jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn mat eis ze diskutéieren.

Eis nächst Terminer:

  • Mëttwochs, den 28. September vun 20.00 Auer u Bistrostour
  • Samsdes, den 1. Oktober CSV-Stand um Prosteneek
  • Méindes, den 3. Oktober CSV-Stand um Maacher Maart
  • Donneschdes, de 6. Oktober op eiser Wahlversammlung um 20.00 Auer am Centre culturel et sportif
  • Freides, de 7. Oktober vun 20.00 Auer u Bistrostour
Fotoen: Monique Hermes