Eis Kandidate presentéiere sech: Rudy Steffen

A “last but not least”, an der alphabetescher Oplëschtung vun eiser Equipe: de Rudy Steffen:

Mäin Numm ass Rudy Steffen,ech hunn 63 Joer, si bestuet a Papp vu 4 Kanner.

Als Privatbeamten hunn ech bei „DuPont de Nemours“ geschafft a sinn elo a Pensioun. Ech si Gemengeconseiller.

An der Politik intresséiert mech als fréiere Fussballspiller an duerno als Arbiter besonnesch de Sport, virun allem de Fussball, sief et bei deene Groussen, wou ech Betreier vun der 1. Equipe sinn, oder bei deene Klengen, déi mir och um Häerz leien.

De Sport spillt a mengen An eng ganz wichteg Roll an der Erzéiung, awer och bei der Gesondheet vun eise Kanner. Dofir schéngt mäin Asaz op dësem Gebitt mir wichteg.

Asetze wäert ech mech awer och fir déi eeler Leit a fir eis auslännesch Matbierger, fir hir Intressien an eiser Gemeng gutt ze vertrieden.