Diskussiouns-Owend “KULTUR AM OSTEN”

„Kultur betrëfft äis all!“

D’Madame Octavie Modert huet zu Gréiwemaacher geschwat

Op Invitatioun vun der CSV-Sektioun Gréiwemaacher huet d’Kulturministerin Octavie Modert dëser Deeg zu Maacher am Centre culturel eng flott Konferenz zum Thema „Kultur am Osten“ gehal, nodeems se vum Sektiounspräsident Léon Gloden wëllkomm geheescht gi war.

Et wär wichteg, sech zréckzebesënnen a Wuerzelen ze hunn, et wär awer grad esou wichteg, virauszedenken a Visiounen ze hunn. Dat géif och fir eng Kultur mat Séil an Inhalt a mat ville Facette gëllen, sot d’Ministerin. Si huet och drop higewisen, datt d’Kultur eisem Land deen Touch vu Modernitéit a Weltoffenheet gëtt, deen äis et erlaabt, äis dobaussen ze positionéieren.

A punkto Kultur am Oste vum Ländchen ass d’Konferenzlerin op d’Muséeën an där Regioun, ugefaang mam Maacher Kulturhuef, awer och op Schlässer ewéi Befort oder op immateriellt Ierwen ewéi d’Iechternacher Spranprëssessioun ze schwätze komm. Bibliothéiken, Kinoën a Musekschoule als wichteg Kulturträger sinn net vergiess ginn. Et goung ëm Literatur a Molerei, ëm den historesche Patrimoine, deen erhalenswäert ass an deen een op Kulturpied kucke kann, awer och ëm modern Architektur a selbstverständlech ëm d’Wäikultur.

„Kultur fir den Osten a fir d’Musel, dat ass en Zesummespill vun Traditioun an Innovatioun. Eng Géigend brauch spezifesch Merkmaler. Am Osten ass d’Wäikultur en ‚Alleinstellungsmerkmal’. Derbäi kënnt d’Architektur an dozou gehéieren och déi al Duerfkären, déi gutt bei d’Wäikultur passen“, sot d’Octavie Modert.

D’Ministerin huet zum Schluss vun hirem Exposé op d’Wichtegkeet higewisen, fir déi verschiddenaartegst Projeten zesummenzebannen, esouzesoen als „regional Identitéit“, an ass schliisslech op d’Kultur als integrativt Mëttel ze schwätze komm, ir si d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht tëscht Wäibau, Tourismus a Kultur als noutwendeg Strategie fir d’Dynamik vum Osten an als Zukunftspolitik duergestallt huet.

Text a Fotoen: Monique Hermes

Exif_JPEG_PICTURE Exif_JPEG_PICTURE Exif_JPEG_PICTURE Exif_JPEG_PICTURE

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)