Enregistrementsbüro zu Gréiwemaacher bleift bestoen!

Léif Leit alleguer,

heimat wollten ma Iech informéieren, dass den Asaz vun eisem Député-Maire Léon Gloden mat Ënnerstëtzung vum Schäfferot a Gemengerot fir d’Antrieden, dass den Enregistrementsbüro weiderhin bestoen bleift, sech gelount huet.

Den zoustännegen Minister, Pierre Gramegna (Finanzminister) huet dëser Deeg ugekënnegt, dass den Enregistrementsbüro zu Gréiwemaacher weiderhin bestoen bleift.

An dem Zesummenhang ass och nach ze ernimmen, dass si heibäi op d’ Ënnerstëtzung vun den Schäfferéit aus den Gemengen: Betzder, Biwer, Fluessweiler, Manternach, Mäertert an Wormer konnten zielen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)