Membre du Conseil Communal: Pourquoi pas vous, Madame?
Esou war den “Opruff” vun enger Campagne, lancéiert vum Ministère de l’Egalité des chances an Zesummenaarbecht mam Syvicol.
D’Diskussiounsronn fir den Oste war zu Berdorf, an et hate vill Fraen a Männer de Wee dohinner fonnt. Ënner de Lokalpolitikerinne vun der CSV, déi un der Ronn deelgeholl an op déi intressant Froe vun de Leit geäntwert hunn, waren och d’Maacher Schäffin Monique Hermes an d’Conseillère Liane Felten. Eng Parti Memberen aus dem Maacher CSV-Comité, mat dem Buergermeeschter Léon Gloden, hunn dës Diskussiounsronn ënnerstëtzt.
Informatioune ginn et och op: www.votezegalite.lu
Fotoen: © Jean Walté, Monique Hermes, Liane Felten, Solange Dumont