- De Projet PAP Pietert ass eestëmmeg ugeholl ginn.
Et entsteet en neie Wunnquartier zu Gréiwemaacher, vis-à-vis vun der Schléis.
Et ass en nohaltege Wunnquartier mat héijer Liewensqualitéit, sou, wéi dat sech fir Gréiwemaacher gehéiert.
Och hei kann een de „Miseler way of life“ spieren.
E puer Zuelen zu dësem Projet:
- Surface: 3,72 ha;
- ee “quartier mixte”;
- tëschent 200 an 250 Awunner;
- Eenzelhaiser, Reienhaiser an Appartementshaiser;
- 10 Appartementer an 11 Haiser “à coût modéré” gi gebaut vun SNHBM (opgrond vun engem Accord tëschent der Gemeng an SNHBM).
- Fir eis ass d’Sozialpolitik e wichtegen Aspekt vun der Lokalpolitik.
Dofir hu mer haut am Gemengerot eng finanziell Hëllef gestëmmt fir Leit, deenen et net sou gutt geet. Dës Hëllef beleeft sech op 25% vun den Hëllefen, déi déi betraffe Leit vum Staat kréien, mat engem Maximum vu 500,- EUR pro Joer.
- De Gemengerot huet unanime e Posten “City-Manager” gestëmmt, deem säin Aufgabeberäich folgenden ass:
- Promotioun vun de “public relations”;
- Promotioun vun der Muselmetropol;
- Kontakter mam Geschäftsverband an dem Syndicat d’Initiative;
- Programmatioun vum zukünftege Centre culturel.