Résumé vum Gemengerot vum 27. September 2019

 

  1. De Projet PAP Pietert ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Et entsteet en neie Wunnquartier zu Gréiwemaacher, vis-à-vis vun der Schléis.

Et ass en nohaltege Wunnquartier mat héijer Liewensqualitéit, sou, wéi dat sech fir Gréiwemaacher gehéiert.

Och hei kann een de „Miseler way of life“ spieren.

E puer Zuelen zu dësem Projet:

  • Surface: 3,72 ha;
  • ee “quartier mixte”;
  • tëschent 200 an 250 Awunner;
  • Eenzelhaiser, Reienhaiser an Appartementshaiser;
  • 10 Appartementer an 11 Haiser “à coût modéré” gi gebaut vun SNHBM (opgrond vun engem Accord tëschent der Gemeng an SNHBM).

 

  1. Fir eis ass d’Sozialpolitik e wichtegen Aspekt vun der Lokalpolitik.

Dofir hu mer haut am Gemengerot eng finanziell Hëllef gestëmmt fir Leit, deenen et net sou gutt geet. Dës Hëllef beleeft sech op 25% vun den Hëllefen, déi déi betraffe Leit vum Staat kréien, mat engem Maximum vu 500,- EUR pro Joer.

 

  1. De Gemengerot huet unanime e Posten “City-Manager” gestëmmt, deem säin Aufgabeberäich folgenden ass:

 

  • Promotioun vun de “public relations”;
  • Promotioun vun der Muselmetropol;
  • Kontakter mam Geschäftsverband an dem Syndicat d’Initiative;
  • Programmatioun vum zukünftege Centre culturel.

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)