Firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d´Fonction publique weider ze leeden.

Mengen Informatioune no ginn am Kader vun der Impfcampagne d´AgentInnen a verschiddene Verwaltungen a Ministäre vun der Fonction publique net fir zwou Stonne fräigestallt, (sou wéi dat beispillsweis bei engem Rendez-vous beim Dokter de Fall ass) fir sech impfen ze loossen.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister meng Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, gëtt et do eng allgemeng Reegel fir all staatlech Verwaltungen a Ministèren?
  • Wa jo, firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen? Sinn eventuell Adaptatiounen un dëser Reegelung geplangt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

Léon Gloden

Deputéierten

Ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech Fro un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An der RTL-Radiosendung „Invité vun der Redaktioun“ haut Freideg, de 7. Mee, um 8.10 Auer huet den CGFP-President Romain Wolff sech fir eng prioritär Impfung vun de Policebeamte staark gemaach. Den Här Wolff huet dobäi op Däitschland verwisen, wou eng Prioriséierung vun ënner anerem de Polizisten bei der Impfstrategie besteet, well si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen. Fir Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, bedeit dat, dass si vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froen un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Kënnen d’Ministere confirméieren, dass Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen?
  • Am Fall, wou dat sou ass, ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?
  • Wa jo, firwat huet d’Regierung déi prioritär Impfung vun de Polizisten nach net decidéiert? A vu wéini un wier déi prioritär Impfung vun de Poliziste méiglech?
  • Wann nee, sinn d’Ministeren net der Meenung, dass d’Polizisten duerch d’Pandemie ënner nach méi schwéiere Konditioune musse schaffen an engem nach méi grousse Risiko ausgesat sinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                       Léon Gloden

Deputéierten                                        Deputéierten

Gëtt et an eise Police-Kommissariater eng Accès-Kontroll an eng Méiglechkeet d’Visiteuren op Waffen ze kontrolléieren, esou änlech wéi et bei de Geriichter funktionéiert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

No engem rezente Virfall an engem Police-Kommissariat a Frankräich bäi deem eng administrativ Agentin ëmbruecht gouf, gëtt an eisem Nopeschland vill iwwer d’Sécurisation vun de Kommissariater diskutéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi e Sécherheetsdispositif gëtt et am allgemengen an eise Police-Kommissariater?
  • Gëtt et an eise Police-Kommissariater eng Accès-Kontroll an eng Méiglechkeet d’Visiteuren op Waffen ze kontrolléieren, esou änlech wéi et bei de Geriichter funktionéiert?
  • Ginn et getrennt Accès’en fir Personal a Visiteuren ?
  • Goufen et an de leschte Jore Virfäll a Police-Kommissariater wou d’Sécherheet vum Personal oder Visiteuren a Gefor war ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Wélche Succès huet d’ECOBOX zu Lëtzebuerg?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur ECOBOX  un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

D’ECOBOX gouf vum Ëmweltministère an d’Liewe geruff fir den Einwegplastik ze reduzéieren an de Restauranten, wéi och de Verbraucher, eng nohalteg Léisung ze offréiere fir hir Muehlzëschten ze transportéieren. Géint eng Pfandgebühr vu 5€ kritt een säin Iessen an der ECOBOX geliwwert. D’ECOBOX kann nom Benotzen da rëm an de Betriber di mat maachen zréck bruecht gi bzw. géint eng aner agetosch ginn. All ECOBOX gëtt vun dëse Betriber professionell gebotzt a bei engem Defekt kritt een eng nei ECOBOX. Onsen Informatiounen no ass de Projet ronderëm d’ECOBOX awer kee wierkleche Succès.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gouf de Projet ECOBOX ëffentlech ausgeschriwwen? Wann nee, firwat net? An un wien ass de Projet gaangen?
  • Wat ass den Impakt vum Projet ECOBOX? Wéi vill sou Boxe sinn am Ëmlaf? Wéi vill Boxen hunn missten no engem Defekt ausgetosch ginn? Wéi oft ass d’ECOBOX bei engem Akaf zum Asaz komm, bzw. wéi vill Einwegplastik konnt duerch d’ECOBOX agespuert ginn? Wéi vill Betriber maache bei dësem Projet mat?
  • Stëmmt et, dass d’Betriber deelweis eng extra Spullmaschinn mussen uschafen, an dëst op eege Käschten, fir d’professionell Botze vun der ECOBOX ze garantéieren? Wann jo, wat sinn d’Grënn hei fir? Gëtt et keng aner Optioun?
  • Géif d’Ministesch soen, dass de System ECOBOX sech gutt zu Lëtzebuerg etabléiert huet oder op een eppes un dem Modell misst änneren? Gouf oder gëtt de Projet ECOBOX evaluéiert?
  • Onsen Informatiounen no sollen an Zukunft och nohalteg Iessgeschier, wéi Forschetten a Läffelen, mat sou engem Pfandsystem promovéiert ginn. Stëmmen dës Informatiounen? Wann jo, gouf och en anere System a betruecht gezunn dee villäicht besser wéi de bestoende System funktionéiere géif? Wann jo, wäert dësen neie Projet ausgeschriwwe ginn?

 

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                              Léon Gloden                           Jean-Paul Schaaf

Deputéierten                          Deputéierten                          Deputéierten

 

Gëtt op de Luxair-Flich kee Lëtzebuerger Crémant méi zerwéiert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un déi Häre Ministere fir Mobilitéit a Wäibau weiderzeleeden.

Eisen Informatioun no kréien d’Passagéier op de Flich vun der Luxair amplaz vu Lëtzebuerger Crémant neierdéngs e „Quality White Sparkling Wine“ aus franséischer Produktioun mam Numm „Cuvée Spéciale Luxair“ zerwéiert.

An deem Kontext erlabe mir eis, folgend Froen un déi Häre Ministere fir Mobilitéit a Wäibau ze stellen:

  • Kënnen déi Häre Ministere confirméieren, dass op de Luxair-Flich kee Lëtzebuerger Crémant méi zerwéiert gëtt?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn vun dëser Decisioun zu Ongonschte vum Lëtzebuerger Wäibau?
  • No wéi enge Critèren ass deen neie Produit erausgesicht ginn?
  • A wéi engem Mooss sollen nach aner Lëtzebuerger Produiten, déi op Luxair-Flich zerwéiert ginn, duerch auslännescher ersat ginn?
  • Wëssend, dass d’Luxair e wichtege Vecteur bei der Promotioun vu Lëtzebuerger Produiten ass, wéi eng Alternativen huet d’Regierung virgesinn, fir de Verloscht opzefänken?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert                      Françoise Hetto-Gaasch                     Léon Gloden

Deputéiert                              Deputéiert                                              Deputéierten

Wie reagéiert d’Ministesch op de Virworf, dass d’Offallgesetz vun 2005 op d’Firma Oeko-Service zougeschnidde gouf, souwéi zu den eventuelle Wettbewerbsverzerrungen? Gouf an dësem Kontext d’Ausschreiwungsgesetz respektéiert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu der SuperDrecksKëscht  un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Wie aus engem Artikel vum Repoter.lu vum 15.02.2021 ervirgeet, gëtt et am System vun der Superdreckskëscht puer Ongereimtheeten. Sou gëtt zum Beispill gesot, dass d’Firma en Monopol an der Offallentsuergung vu geféierleche Substanzen hätt, dee vun der Ëmweltverwaltung gedroen an domadder vun ons Steierzueler bezuelt gëtt. Sou soll de Personnage hannert der Firma Oeko-Service Luxemburg S.A., den Hans-Peter Walter, deen och hannert der Initiativ SuperDrecksKëscht steet, weider Firmen an der Offallwirtschaft besëtzen, wat zu engem Interessekonflikt géif féieren. Am Artikel gëtt weider op puer Problemer higedeit, zum Beispill op den Artikel 2.2 vum Offallgesetz vun 2005, deen op d’SuperDrecksKëscht zougeschnidde wär an wouduerch et zu Wettbewerbsverzerrungen kéint, bzw. géif kommen. Sou beseet den Artikel, dass Firmen di och den Offalltransport ubidden, vun der Ausschreiwung ausgeschloss sinn. Duerch dat neit Offallgesetz, wat grad an der Kommissioun diskutéiert gëtt, kéint sech d’Positioun um Marché vun der SuperDrecksKëscht, souwéi anere Bedeelegunge vun Oeko-Service, laut dem Auteur wieder stäerken, vue dass d’Gesetz virgesäit, dass all Haus mat mindestens 4 Wunnengen iwwert eng Sammelplaz fir Offall verfüge muss. Och gi weider Kritiken zu der Kontrollinstanz, de Geschäftszuele vun Oeko-Service, zu de Rechter um Wuert „Superdreckskëscht“ an dem dozougehéirege Franchise-Modell, souwéi enger Personaldecisioun gemaach.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Madamm Ëmweltministesch konfirméieren, dass et e Kontrakt tëschent hirer Verwaltung an der Firma Oeko-Service gëtt, dee virgesäit iwwer 11 Joer ongeféier 97 Milliounen Euro fir hir Servicer un d’Firma ze iwwerweisen?
  • Gedenkt d’Madamm Ëmweltministesch eventuelle vertragleche Verletzungen an Interessenkonflikter nozegoen, di duerch d’Firmegeflecht ronderëm den Hans-Peter Walter, di zu Wettbewerbsverzerrunge an engem, de facto, Monopol géife féieren.
  • Wie reagéiert d’Ministesch op de Virworf, dass d’Offallgesetz vun 2005 op d’Firma Oeko-Service zougeschnidde gouf, souwéi zu den eventuelle Wettbewerbsverzerrungen? Gouf an dësem Kontext d’Ausschreiwungsgesetz respektéiert?
  • Wéi wäert sech d’Positioun vun der Superdreckskëscht duerch den neie Projet de loi zum Offall veränneren?
  • Gedenkt d’Ministesch de Comité de pilotage als Kontrollinstanz ze iwwerdenken, fir dass dësen eng wierklech Kontroll ausüben ka?
  • Wie eng aner Méiglechkeete goufen a Betruecht gezu fir op de Modell vun der Superdreckskëscht am Ausland opmierksam ze maachen, anstatt iwwert en Franchise-System vu wellechem erëm d’Firma Oeko—Service profitéiert?
  • Gouf di nei Plaz an der SuperDrecksKëscht-Akademie ausgeschriwwen? Wann jo wat waren d’Kritären an wéi vill Bewerber gouf et fir di Plaz an leedender Funktioun vun deser Akademie?
  • Gouf di nei Plaz a leedender Funktioun an der SuperDrecksKëscht-Akademie ausgeschriwwen? Wann jo, wat en d’Krittären a wéi vill Bewerbunge gouf et fir di Plaz an dëser Akademie?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Paul Galles                                                                   Léon Gloden

Deputéierten                                                               Deputéierten

Wat sinn d’Ursaachen, dass d’Abrochversich zu Lëtzebuerg ëm dat Duebelt eropgaange sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Abréch un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Am Communiqué vun der Police zur „Campagne anti-cambriolage 2020/2021 » steet ze liesen, dass d’Abréch a bewunnten Haiser vun Oktober 2020 bis Januar 2021 par Rapport zur Vergläichsperiod 2019/2020 ëm 200 Fäll erofgaange sinn, vun iwwer 600 op ronn 400.  Parallel dozou sinn d’Abrochversich awer vun 240 op 450 eropgaangen.

Wann ee sech d’Statistik vun Abréch an Abrochversich zesummen ukuckt, ass d’Situatioun quasi onverännert. Mam Ënnerscheed, dass déi 200 Fäll, an deenen d’Brigangen net an d’Haus erakomm sinn, elo bei den Tentative stinn. Opgrond vun der Tatsaach, dass d’Leit duerch d‘Covid-19-Mesuren generell méi doheem sinn, ass den Abrochbilan vun der Police awer net gutt.

An an der Hallschent vun de Fäll – Abréch an Abrochversich – gouf probéiert, duerch d’Garage oder duerch de Keller an d’Haus eranzekommen, eng Virgoensweis, déi virun allem um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zimmlech heefeg ass, wéi d’Police weider schreift.

Am Kontext vun dësem Bilan erlaben ech mir, folgend Froen un den Här Minister ze stellen:

  • Wat sinn d’Ursaachen, dass d’Abrochversich ëm dat Duebelt eropgaange sinn?
  • A wéi enger Frequenz par Rapport zur selwechter Period 2019/2020 si vun der Police tëscht Oktober 2020 a Januar 2021 Patrulle gefuer ginn ?
  • Wéi hu sech déi zousätzlech Aufgabe vun der Police am Kader vum „Couvre-feu“ op déi regulär „Anti-cambriolage“-Patrullen ausgewierkt?
  • Wéi eng Mesure si geplangt, fir dass d’Zuel vun den Abréch an Abrochversich net nach weider eropgeet?
  • Wa gewosst ass, dass a 50 Prozent vun de Fäll duerch Garage oder Keller agebrach gëtt, wéi wierkt sech dat op d’Statistik vun de geklauten Autoen aus?
  • A wéi vill Fäll dovun kann ee vun engem Home-Jacking schwätzen?
  • Wann déi Abrochmethod duerch Garage a Keller an der Stad Lëtzebuerg besonnesch populär ass, wéi eng Quartieren si besonnesch betraff a wat ass d’Strategie vun der Police, fir géint dee Phenomen virzegoen?
  • Wéi deelen sech d’Abréch an d’Abrochversich geografesch op? Wéi ass d’Relatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Rescht vum Land?
  • D’Policegewerkschaft SNPGL nennt de pluriannuelle Rekrutéierungsplang vun der Regierung „illusoresch“. Et wier net realistesch ze mengen, datt schon nächst Joer 200 zousätzlech Poliziste kéinten op den Terrain geschéckt ginn.  Wéi steet de Minister zu där Ausso a wéi gedenkt hien, d’Sécherheetsgefill vun de Leit ze stäerken?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Wa keen Contournement wat sinn Pläng vun der Regierung fir den Traffik zu Réimech ze entlaaschten?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro zur Verkéierssituatioun am Zentrum vu Réimech un den Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, weiderzeleeden.

An engem Artikel am « Luxemburger Wort » vum 3. Februar ass ze liesen, datt op Säite vum Mobilitéitsministère Enn 2020 gesot gouf, et geséich ee keng Noutwendegkeet fir e Contournement ronderëm Réimech – mam Argument, mat der Saarautobunn hätt Réimech schonn eng Umgehungsstrooss. An deem Artikel steet och geschriwwen, datt ganz vill Frontalieren, virun allem där aus dem däitsche Grenzgebitt, awer guer net iwwer d’Saarautobunn fueren, mee direkt de Wee iwwer Réimech huelen, well se sech esou net dem Risiko aussetzen, op der Diddelenger Autobunn an e Stau ze geroden.

Virum Hannergrond, dass op de Wochendeeg (laut enger Etüd am Optrag vum Mobilitéitsministère vu viru véier Joer) 13800 Gefierer den Dag zu Réimech duerch d’Route de l’Europe / Rue Enz / Rue du Pont (N2/E29) – 42 Prozent dovun Duerchgangsverkéier – fueren, erlaben ech mir, folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ze stellen :

  • Wat sinn d’Grënn, déi elo zu der Decisioun gefouert hunn, de Projet vun engem Contournement fir Réimech, deen zanter ronn 20 Joer vun der Réimecher Leit gefuerdert gëtt, ad Acta ze leeën ?
  • Wat sinn d’Alternativen vun der Regierung, fir den Zentrum vu Réimech vum Trafic ze entlaaschten an esou fir méi Liewensqualitéit fir d’Awunner ze suergen ?
  • Wéi soll de Camionstrafic an Zukunft an a ronderëm Réimech geréiert ginn ? Wat ass an deem Kontext virgesinn mat der Autobunnsopfaart Schengen, déi bis elo muss vun de Camionneuren evitéiert ginn, wat de ganze Schwéierverkéier a Richtung Réimech drainéiert ?
  • Wärend geplangt ass, d’Route du Vin zu Réimech bei der Esplanade zréckzebauen an esou méi Raum fir Foussgänger a Mobilité douce ze schafen, stellt sech d’Fro no vergläichbare Mesuren fir d’N2/E29 aus Richtung Bous. Wëssend, datt den Här Minister mengen Informatiounen no de Gemengeresponsabelen an Aussiicht gestallt hat, datt d‘Route de l‘Europe géif zréckgebaut ginn, wann den Echangeur Hellange bis fäerdeg wier.

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen,

 

Léon Gloden

Députéierten

Well verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum a Form vun netubruechte Bemierkungen oder Nopäifen net strofbar ass, huet d’Police rezent recommandéiert datt Fraen Nuets net sollten eleng rausgoen. Deelt d’Regierung d’Meenung datt esou Recommandatiounen eng Abdicatioun vum Rechtsstaat sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Well am Grand-Duché de sougenannte „Catcalling”, also verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum a Form vun netubruechte Bemierkungen oder Nopäifen, am Géigesaz zu aneren Europäesche Länner wéi Frankräich, der Belsche oder Portugal, net strofbar ass, huet d’Police rezent recommandéiert datt Fraen Nuets net sollten eleng rausgoen.

Zu Lëtzebuerg mussen d’Täter réischt mat enger Strof rechnen am Fall vu Beleidegungen, Beréierungen oder Gewalt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • War den zoustännege Minister am Virfeld iwwer dës Recommandatiounen informéiert?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt esou Recommandatiounen eng Abdicatioun vum Rechtsstaat sinn?
  • Wa jo, wat gedenkt d’Regierung kuerzfristeg ze ënnerhuelen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                    Léon Gloden

Deputéierten                                                        Deputéierten

Erfëllt de Repreneur vu Biocardel an der Industriezon Wolser d’Konditiounen vum “droit de superficie” ?

Monsieur le Président,

Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre de l’Economie.

Je me réfère à ma question parlementaire n° 2961 du 8 octobre 2020 qui traite du cas de la société Biocardel Luxembourg S.A. Comme Monsieur le Ministre de l’Economie le précise dans sa réponse, cette société s’était vue concéder un terrain industriel dans la zone industrielle Wolser moyennant un contrat de concession d’un droit de superficie par acte du 18 mars 2008. Biocardel Luxembourg S.A., société dont la faillite fut clôturée en avril 2018, avait obtenu une aide d’Etat à l’investissement à hauteur d’environ 240.000 euros – un montant qui d’après les informations transmises par Monsieur le Ministre de l’Economie n’a pu être remboursé dans le cadre de la procédure de faillite.

Dans sa réponse, Monsieur le Ministre de l’Economie explique que « la vente de la masse de la faillite a été opérée par acte notarié du 23 octobre 2017 à une société de droit privé. […] Le droit d’occupation et toutes structures édifiées sur ce terrain sont devenues la propriété de l’acquéreur privé contre payement d’un montant total de 60.000 euros. » Dans ce contexte, je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Economie :

–          Pouvez-vous confirmer que le repreneur s’est vu concéder le terrain industriel dans la zone industrielle Wolser moyennant un contrat de concession d’un droit de superficie ?

–          Dans l’affirmative, le repreneur a-t-il rempli les conditions du droit de superficie ?

–          Si ce n’est pas le cas, quelles en sont les raisons ? Quelles démarches est-ce que l’Etat a entrepris depuis 2017 pour assurer que le repreneur remplisse bien les conditions du droit de superficie ?

Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.

 

Léon Gloden

Député