Aktivitéiten

Animatioun vun der CSJ um Bezierksfest

De Freiden Owend, den 4. Juni, zu Wuermer um Bezierksfest, huet d’CSJ sech eppes Extraes afale gelooss!! Beweist är Gesangs- an Entertainmentsfähegkeeten bei eisem Karaoke-Concours ënner dem Motto Xorro’s most wanted Eng Jury ermëttelt déi beschte Karoke-Sänger. Déi Éischtplazéiert  erwaarde flott Präisser.

Weider liesen

D’Fotoen vun der Visite vun der Chamber

Eisen Deputéierte Léon Gloden a President vun der Sektioun Gréiwemaacher huet agelueden op eng Visite vun der Chambre de Députés. Vill Memberen hu sech gemellt vir deelzehuelen un der Visite an um Iessen duerno zu Gréiwemaacher. Hei e puer Fotoe vun deem flotten Dag!

Weider liesen

Interessant Froeronn um CSV On tour

Em 150 interesséiert Leit hu sech, trotz dem schéine Wieder dobaussen, zu Rued-Syr afonnt fir um CSV On tour Erklärungen ze kréien zu de Moossnamen déi eise Premier an der Lag zur Natioun formuléiert hat. Niewt den CSV-Mandatairen aus dem Oste waren och d’Ministere Luc Frieden a Claude Wiseler, souwéi de Parteipresident Marc Spautz present. D’Ministesch a Presidentin vum Bezierk Osten Françoise ...

Weider liesen

CSV on Tour – 20. Mee zu Ruedt/Syr

Wéi op http://csv.lu steet: “Bereits seit einer Reihe von Jahren pflegt die CSV im Anschluss an die Rede zur Lage der Nation das Gespräch mit den Bürgern.” Dëst gëtt och 2010 esou gemaach. De Rendez-vous am Osten ass den Donneschden 20. Mee zu Ruedt/Syr am Syrkus. Är Minister an Deputéiert aus dem Oste stinn iech Ried an Äntwert. Dir kënnt d’Ried zur Lag vun der Natioun noliesen op der Websäit ...

Weider liesen

Generalversammlung

Den 17. Mäerz huet d’Wort iwwer eis Generalversammlung geschriwwen. Klick op d’Bild vum Artikel fir en ze liesen.

Weider liesen

Generalversammlung & CSV Kiermes

Eis Generalversammlung kënnt méi no. Hei als Erënnerung: de Méinden 15. Mäerz um 19:30 Auer an der “Wäistuff” an der Kellerei Vinsmoselle. Mir freeën eis Iech do begréissen ze kënnen! D’CSV-Kiermes, déi vir den 19. Juni geplangt war, huet misse geréckelt gi well se mat der “Fête de la Musique” zesumme fält, déi ënner anerem am Kultuhuer gefeiert gëtt.

Weider liesen

Nationalkongress

Beim Nationalkongress bleiwt d’Liane Felten vu Gréiwemaacher als éischt Gewieltent aus dem Osten am Nationalcomité vun der CSV. Zweete Représentant vum Osten ass de Romain Osweiler. E Bericht an eng Fotogallerie iwwer de Kongress fannt Dir um Site vum Wort.

Weider liesen

CSJ Wahlkongress

Virun engem Publikum vu ville Jugendlechen a Jonkbliwwenen, huet de President vun der CSJ-Zentrum Pol Pierret eng Begréissungsried gehalen an den CSJ-Nationalpresident huet de Kongress opgemaach. Niewt de Walen vum neie Comité gouf et eng Ried vum CSV-Nationalpresident François Biltgen a vum neie President vun der CSV-Zentrum Mill Majerus. Eng ganz flott Initiative gouf vum Patrick De Rond virgestallt: ...

Weider liesen

Bezierkskongresser am Osten

De Mëttwoch den 28. Oktober war de Bezierkskongress vun der CSV, CSJ an CSF aus dem Osten. D’Octavie Modert ass als Presidentin vum Françoise Hetto-Gaasch ofgeléist ginn. D’Gréiwemaacher CSV Sektioun ass staark vertrueden an dene neie Comitéen mam Liane Felten als nei Presidentin vun der CSF Osten an Nofolgerin vum Sanny Bentner, mam Cathia Jaeger-Lahure als Trésorier vun der CSJ Osten , a mat Léon ...

Weider liesen