Aktivitéiten
Interview op RTL mam Léon Gloden iwert den Ausbau vun den Tanklager am Mäerter Hafen
Den Léon Gloden war Haut Invité vun der RTL Redaktioun an huet sech géint d’Erweiderung vun den Tanklager am Hafen ausgeschwat! Hei fann Dir den Link zum Interview op RTL.lu: http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/598819.html
Déi nei Brochure vun der CSV an Déi Gréng ass do!
Hei fann Dir d’Brochure vun der CSV an Déi Gréng mat dem Slogan “Gréiwemaacher mat“. An dëser Brochure informéiert den Schäfferot d’Bierger iwwert den aktuellen Standpunkt vun hiren Projeten. Heibäi ginn enneraannerem folgend Projeten thematiséiert: Verschiddenes Prioritéiten D’ Gemengenentwécklung besser plangen an d Liewensqualitéit förderen Kultur, Tourismus, ...
Fiederwäissepatt vun der CSV-Maacher
CSV Maacher war gudd vertrueden op der Marche Gourmande zu Schengen
CSV-Sektioun Gréiwemaacher war gutt op der 1. Marche Gourmande vun der CSV Osten vertrueden. Den 12. Juli huet sech d CSV Osten sech am Dräilännereck zu Schengen getraff fir zesummen den neien Wanderwee “Traumschleife” ze erliewen. Op dësem 8,5 km laangen Trëppeltour goufen op 2 Statiounen Produkter a Wäiner aus der Regioun offréiert. Dono stoung ...
Stellungnahm vun der CSV-Maacher betreffend “DP-Blat”
Hei fann Dir d’Stellungnahm op Franséisch an op Däitsch betreffend d‘DP-Blat: Prise de position du CSV Grevenmacher par rapport au bulletin d_information du DP Grevenmacher Stellungnahme CSV Grevenmacher – DP
Marche Gourmande vun der CSV-Osten den 12. Juli zu Schengen
Mellt iech un fir d’Marche Gourmande den 12. Juli zu Schengen!
Visite vun der S.E.S. zu Betzder
Déi zwou CSV Sektiounen Betzder an Gréiwemaacher waren zesummen op eng Visite bei d’ S.E.S. Den Marc Friederes huet d’Visite mat ganz vill Engagement an Fachwëssen geleet. Dono waren d’Visiteuren alleguerten op en Patt zu Gréiwemaacher invitéiert, deen vun der Sektioun Maacher offréiert gouf. Fotoen: © Jean Walté.
Mir komme bei Iech – Eis Kandidaten on Tour am Osten
D´Europa-Equipe vun der CSV war mat Frënn zu Maacher an der Foussgängerzon. Si ass vun CSV-Comitésmemberen emfaang a begleet ginn. Foto: © Nathalie Silva. Fotoen: © Jean Walté.
Den neien Comité ass elo gewielt!
An der uerdentlecher Comitéssëtzung vum 1. Abrëll 2014 goufen déi eenzel Posten verdeelt. Hei en klengen Iwwerbléck: President: Léon Gloden 1. Vize-President: Guy Cognioul 2. Vize-President: Marc Schiltz Sekretär: Liane Felten Trésorier: Laurent Hurt Webmaster: Marc Ury