Den 24. Januar 2014 ass den neien Bezierkscomité vun der CSV Osten zu Munneref um Bezierkskongress gewielt ginn. Déi Maacher Sektioun war staark vertrueden an 3 Kandidaten vun der Maacher Sektioun hunn et an dësen Comité gepackt. Dobäi ass ervirzehiewen, dass den Léon Gloden mat 92% vun den Stëmmen zum neien President vun der CSV-Osten gewielt gouf. Des Weideren sinn d’ Liane Felten an den ...
Aktivitéiten
Konferenz mam Députéierten Léon Gloden/ Verfassungsreform
Hei fann Dir d’ Invitatioun zur Konferenz, déi den 17. Abrëll am Centre Culturel zu Jonglënster statt fënnt: Invitatioun/ Konferenz mam Députéierten Léon Gloden
Diskussiouns-Owend “KULTUR AM OSTEN”
„Kultur betrëfft äis all!“ D’Madame Octavie Modert huet zu Gréiwemaacher geschwat Op Invitatioun vun der CSV-Sektioun Gréiwemaacher huet d’Kulturministerin Octavie Modert dëser Deeg zu Maacher am Centre culturel eng flott Konferenz zum Thema „Kultur am Osten“ gehal, nodeems se vum Sektiounspräsident Léon Gloden wëllkomm geheescht gi war. Et wär wichteg, sech zréckzebesënnen a Wuerzelen ze hunn, et wär awer grad ...
Generalversammlung/ CSV-Sektioun Gréiwemaacher
Hei fann Dir den Artikel aus dem LW vum 9. März 2013 Generalversammlung CSV Sektioun Gréiwemaacher 2013
Diskussiouns-Owend “KULTUR AM OSTEN”
D‘CSV Sektioun Gréiwemaacher invitéiert Iech häerzlech op en Diskussiouns-Owend zum Thema: KULTUR AM OSTEN mat der Mme Kulturministerin Octavie Modert Mëttwochs, den 20. März ëm 19.30 Auer am Centre culturel et sportif zu Gréiwemaacher Duerno offréiert d’CSV Sektioun Gréiwemaacher en Éierewäin.
9. März – Nationalkongress 2013 zu Jonglënster
Invitatioun Programme
4. Mäerz: “Wéi sécher sin d’Pensiounen no der Reform?”
28. Februar 2013 – Grousse Kongressdag am Osten
De 28. Februar 2013 ass zu Steenem (Gemeng Rouspert) am Fräihof de grousse Kongressdag vun der CSV-Osten an hiren Ënnerorganisatiounen CSF an CSJ. An Zesummenaarbecht mat der CSV-Sektioun Rouspert, invitéiert CSV-Osten all hier Delegéiert, Memberen a Frënn op hiere Kongressdag 2013 mat folgendem Programm: 18:30 – Kongress CSJ-Osten (-> Invitatioun a ...
CSV Maacher Generalversammlung
CSV Maacher invitéiert den 25. Februar op hir Generalversammlung um 19:30 Auer an der “Wäistuff” vun der Kellerei Vinsmoselle zu Maacher Memberen, déi interesséiert dru si fir am Comité vun der CSV Maacher matzeschaffen, kënne sech bis de 20.02.2013 beim Präsident Léon Gloden mellen.
10 Joer CSV Grondsazprogramm