Op der Websäit vun der CSV Oste sti vill schéi Fotoe vun deem flotten Owend de 4. Juni zu Wuermer an der Kellerei, och d’Fotoe vum CSJ-Karaoke Concours sinn do ze gesinn!
Fotoalbum
D’Fotoen vun der Visite vun der Chamber
Eisen Deputéierte Léon Gloden a President vun der Sektioun Gréiwemaacher huet agelueden op eng Visite vun der Chambre de Députés. Vill Memberen hu sech gemellt vir deelzehuelen un der Visite an um Iessen duerno zu Gréiwemaacher. Hei e puer Fotoe vun deem flotten Dag!
Interessant Froeronn um CSV On tour
Em 150 interesséiert Leit hu sech, trotz dem schéine Wieder dobaussen, zu Rued-Syr afonnt fir um CSV On tour Erklärungen ze kréien zu de Moossnamen déi eise Premier an der Lag zur Natioun formuléiert hat. Niewt den CSV-Mandatairen aus dem Oste waren och d’Ministere Luc Frieden a Claude Wiseler, souwéi de Parteipresident Marc Spautz present. D’Ministesch a Presidentin vum Bezierk Osten Françoise ...
Generalversammlung
Den 17. Mäerz huet d’Wort iwwer eis Generalversammlung geschriwwen. Klick op d’Bild vum Artikel fir en ze liesen.
Informatiounsowend zum Thema “Staatsbudget”
Den 10. Februar hat d’Ost-Sektioun vun der CSV op en Informatiounsowend mam Budgetsrapporter Lucien Thiel zu Jonglënster agelueden. Den Interessi war ganz grouss, an déi vill Nolauschterer kruten den erweiderte Kontext vun der Kris erkläert, hieren Impakt op Lëtzebuerg a seng Finanzen, a zu wat fir Moossnamen aner europäesch Länner gegraff hun fir d’Statsfinanzen am Grëff ze behalen. Nom Virtrag si ...
Gutt vertrueden …
… ware mir vu Maacher zu Wormer um Neijooschpatt.
Fotoen vum Neijooschpatt vum Bezierk
E puer Fotoe vum flotten Owend den 20. Januar an der Wormer Kellerei. Deen Dag gouf op d’neit Joer ugestouss an de Fernand Boden geéiert fir seng 30 Joer Regierungsaarbecht. Méi Detailer a méi Fotoe fannt dir op der Säit vum Bezierk.
Fotoe vum nationale Neijooschpatt
D’Fotoe vum Neijooschpatt zu Nidderaanwen sinn online op www.csv.lu
Nationalkongress
Beim Nationalkongress bleiwt d’Liane Felten vu Gréiwemaacher als éischt Gewieltent aus dem Osten am Nationalcomité vun der CSV. Zweete Représentant vum Osten ass de Romain Osweiler. E Bericht an eng Fotogallerie iwwer de Kongress fannt Dir um Site vum Wort.