Eis Sektioun

 

Léif Memberen aus der Sektioun Gréiwemaacher,
Léif Matbierger,

 

Schéin dass Dir de Wee bei Eis op //greiwemaacher.csv.lu fonnt hutt!

Op dëse Säite wëlle mir vun der CSV Sektioun Gréiwemaacher engersäits erzielen vun eisen Aktivitéiten an Ideeën a Virstellunge fir d’Gemeng Gréiwemaacher, an anersäits lauschteren wat Dir u Virschléi, Froen a Kommentaren hutt.

Informéiert Iech iwwer d’CSV-Memberen am Gemengerot, an de Gemengekommissiounen an am Comité, wat déi aktuell Themen am Gemengerot an eis virrangeg Prioritäten sinn.

Kommt kucke wat mir vun Aktivitéiten a leschter Zäit haten a wat fir déi nächst Zukunft usteet.

Mir hunn och eng Sammlung vun Artikelen aus der Press gesammelt an e puer interessant Linken iwwer eis Gemeng an eis Regioun zesummegestallt.

 

Wann Dir en Don wëllt maachen un d’CSV Sektioun Gréiwemaacher, denkt drun dass no dem neie Parteifinanzéierungsgesetz nëmme méi Done vu physesch Persoune kennen ugeholl ginn an och nëmmen da wann se net anonym sinn.
Eis Bank: LU87 0090 0000 0215 0381