CSV
Fotoen vun eisem Grillfest
Trotz dem reenege Wieder hate mir e flotten Dag um Walofschlossfest den 6. Juni zu Gréiwemaacher bei der Kierch. Merci all deenen déi duerchgehal hunn an am Reen hannert an och virun de Comptoire stungen!! E puer Andréck:
Fotoen vun eiser Generalversammlung
Endlech si se do: d’Fotoe vun eise Generalversammlung. Nach eng Kéier Merci fir Är Präsenz an Ënnerstëtzung, besonnesch un eis laangjäreg Memberen déi bei där Geleeënheet och geéiert goufen! Fir 25 Joer: Wilge J. Fir 30 Joer: Emering P., Hirtt L., Kohl M., Bentner S., Duhr A., Jungers P., Gras E., Heintz G., Kohn-Weisgerber M., Urwald A., Schons J. Fir 40 Joer: Baumann M. Fir 45 Joer: Krieger ...
D’Fotoen vum CSV Osten Bezierkskongress
E puer Fotoe vum Bezierkskongress, den 8. Februar, den Dag wou eise President zum Kandidat fir d’Chamberwalen aus Maacher genannt gouf.
CSV-Nationalkongress 29. Mäerz
De Sonnden 29. Mäerz ass de CSV-Nationalkongress. Rendez-vous ass um 9 Auer am Centre Culturel Gaston Stein zu Jonglënster. No dem administrativen an dem politeschen Deel ass e gemeinsamt Mëttegiessen: Paschtéit mat Fritten am Zalot – Umeldung fir d’Iesse bis den 25. Mäerz um Telefon 22 57 31-1. Et schwätzen zum politeschen Deel: de Fraktiounspresident Michel Wolter, de Parteipresident François ...
Generalversammlung 19. Mäerz
D’Generalversammlung vun der CSV-Sektioun Gréiwemaacher ass fir den Donneschden 19. Mäerz geplangt: ëm 19:30 Auer. Um Programm steet ënner anerem d’Éierung vun eise laangjärege Memberen.
Generalversammlung net méi den 16. Februar !
OPGEPASST! D’Generalversammlung huet misse geréckelt ginn. Si fënnt net méi de 16. Februar statt. Den neien Datum kréien d’Membere per Post matgedeelt, an e gëtt och op dëser Plaz publizéiert.
Generalversammlung 16.Februar
D’Generalversammlung vun der CSV-Sektioun Gréiwemaacher ass fir de Méindeg 16. Februar geplangt: ëm 20 Auer. Um Programm steet ënner anerem d’Éierung vun eise laangjärege Memberen.
Fotoe vum Neijooschpatt zu Betzder
Den Neijooschpatt vun der Regioun Osten war den 15. Januar zu Betzder:
Fotoe vum Neijooschpatt zu Nidderaanwen
Hei e puer Biller vum Neijooschpatt zu Nidderaanwen, den 7. Januar: