Skip to content

Wéi enge Krittären leien d’lëtzebuergesch Restriktiounen vir kleng Butteker zu Gronn? Ass d’Unzéiungskraaft vu grousse Shoppingzenteren net genee sou grouss, wéi d’Opmaache vu Butteker am urbane Raum? Ass d’Regierung net der Meenung, dass dës Reegelung dem Gläichheetsprinzip zuwiderleeft?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 84 vun eisem Reglement dat virgesäit, wéilte mir eng dringend parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, d’Madamm Minister fir Gesondheet, den Här Minister fir Wirtschaft, den Här Minister fir de Mëttelstand stellen.

Rezent huet déi däitsch Regierung decidéiert, d’Ouverture vu Geschäfter bis 800m2 nees ze autoriséieren.

Géint dës Reegelung huet kierzlech de Bedreiwer vun engem Sportartikelgeschäft geklot an dëse krut an éischter Instanz  och Recht. D’Hamburger Verwaltungsgeriicht huet déi Reegelung geschter nämlech gekippt.

Och d’Verwaltungsgeriicht Sigmaringen a Baden-Württemberg huet d’Reegelung fir méi grouss Geschäfter autoriséiert, ënnert der Bedingung, dass déi Geschäfter hir Verkafsfläch op 800m2 reduzéieren.

Am Urteel vum Hamburger Verwaltungsgeriicht heescht et e.a. anerem, dass:

  • d’Gréisst vum Geschäft kee Krittär ass fir d’Unzéiungskraaft fir d’Leit festzestellen,
  • d’Unzéiungskraaft genausou gutt am stättesche Raum entstoe kann, wou vill kleng Butteker bäienee leien,
  • d’Unzéiungskraaft sech aus der Offer ergëtt,
  • d’Regierung aner, manner „incisiv“ Mëttelen huet, fir d’Verbreedung vum Virus am ëffentleche Raum anzedämmen (als Beispill gi genannt de „social distancing“, deen och bäi Verstouss ka bestrooft ginn, Mond-Nuesbedeckung etc.),
  • d’Reegeleung géif géint de Gläichheetsprinzip verstoussen.

Opgrond vun dësen Urteeler, wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • A wéi fern loossen sech d’Urteeler aus Däitschland op de lëtzebuergesche Kontext iwwerdroen?
  • Kann d’Regierung ausschléissen, dass et zu Lëtzebuerg zu änlechen Urteeler komme kéint?
  • Wéi enge Krittären leien de lëtzebuergesche Restriktiounen zu Gronn? Ass d’Unzéiungskraaft vu grousse Shoppingzenteren net genee sou grouss, wéi d’Opmaache vu Buttéker am urbane Raum? Ass d’Regierung net der Meenung, dass dës Reegelung dem Gläichheetsprinzip zuwiderleeft? Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung dëser Ongläichbehandlung entgéint ze wierken?
  • Deelt d’Regierung d’Opfaassung, dass et aner, manner „incisiv“ Mëttel gëtt fir d’Ausbreedung am ëffentleche Raum anzedämmen? Wéi eng Schlëss zitt d’Regierung aus dësem Constat?

Mir bieden Iech eisen déifsten Respekt entgéint ze huelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Laurent Mosar

Deputéierten

Gilles Roth

Deputéierten

 

Beitrag deelen