Skip to content

Am Kader vum der Exit-Strategie aus dem COVID-19 Confinement huet d’Regierung annoncéiert datt ab dem 20. Abrëll de Bausecteur an d’Handwierk erëm dierfen hir Aktivitéiten ophuelen, gëllt dat net och fir all Bauschuttdeponien am Land ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Am Kader vum der Exit-Strategie aus dem Confinement deen duerch d’COVID-19 Pandemie verursaacht ass, huet d’Regierung annoncéiert datt ab dem 20. Abrëll de Bausecteur an d’Handwierk erëm dierfen hir Aktivitéiten ophuelen.

Mengen Informatiounen no, wäerten awer bis op e Site zu Colmer-Bierg, nach keng Bauschuttdeponien am Land hir Dieren ophunn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun?
  • Wéi sollen d’Bauentreprisen uechter d’Land hire Bauschutt kënnen ofluede wa just eng Deponie am Land o pass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen