Skip to content

Aus wéi engem Grond kréien d’Police-Beamte weiderhin d’Unerkennung vun hiren Diplomer refuséiert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no goufen op den 1. Oktober vun dësem Joer eng Rei Employéë vum Centre d’intervention national (113) an hirer Karriär vum Groupe de Traitement C1 an de B1 reklasséiert, a kruten niewebäi d‘Méiglechkeet ugebuede fir Fonctionnaire ze ginn. Dëst op Initiativ vun der Police a mam Averständnis vum Minister. Grond heifir ass de concernéierte Leit hiren Diplôme de fin d’études dee si schonn hate wéi se agestallt goufen oder dee si nogeholl wärenddeem se scho bei der Police geschafft hunn.

Anerersäits ass jo gewosst datt e puer honnert Police-Beamten, déi och en Diplôme de fin d’études hunn a scho jorelaang an der Police sinn, an hirer Karriär blockéiert sinn an eben dës Unerkennung vun hiren Diplomer refuséiert kréien.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung déi uewe genannten Informatioune bestätegen?
  2. Wéi vill där Fäll gëtt et nach an der Police?
  3. Wa jo, aus wéi engem Grond kréien d’Police-Beamte weiderhin d’Unerkennung vun hiren Diplomer refuséiert (wëssend, dass eng “Voie expresse” keng Valorisatioun vun den Diplomer ass)?
  4. Gedenkt d’Regierung de Police-Beamten elo déi selwecht Unerkennung ze gi wéi den Employéen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen