Skip to content

De Samschdeg de Moien huet d’Police eng Party mat 150-190 Leit am Bambësch “Um Siwebueren” opgeléist. Vill Leit hate sech hei net un déi aktuell Sécherheetsmesure gehalen. Wéi eng konkret Strofen erwaarden déi knapp 200 Leit?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un de Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

De Samschdeg de Moien huet d’Police eng Party mat 150-190 Leit am Bambësch « Um Siwebueren“ opgeléist. Vill Leit hate sech hei net un déi aktuell Sécherheetsmesure gehalen an et wier méiglecherweis och eng Persoun op der Party gewiescht, déi positiv op de Covid19 getest gi wier.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet dës Froe stellen:

  • Wéi eng konkret Strofen erwaarden déi knapp 200 Leit?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass eng infizéiert Persoun op der Party war? Wann jo, wéi eng Strof erwaart si? Mussen all déi aner Gäscht an dem Fall an d’Quarantaine?
  • Wéi eng Strof erwaart déi Persounen, déi keng Masken unhate respektiv d’gestes barrières net agehalen hunn?
  • Ass et an sou Fäll schonn zu Iwwergrëffer géint d’Policebeamte komm?
  • Wéi si d’Policebeamte géint Iwwergrëffer an esou Fäll geschützt?
  • Wéi gedenkt den Här Minister an Zukunft kënnen op esou „Partien“ ze reagéieren?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                                                                    Léon Gloden

Députéiert                                                                                             Députéierten

Beitrag deelen