Skip to content

Den Moment ass eng substantiell Verschlechterung am ëffentlechen Transport fir verschidde Géigende vum Osten am Land, ännert dat mat der kompletter Ëmsetzung am Januar 2021?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Säit dem 13. Dezember fiert den TRAM bekanntlech elo vum Kierchbierg iwwer d’Stäreplaz raus bis op d’Stater Gare. Doduerch entstinn um Hamilius an op der Gare och zwee nei Pôles d’échange. Matt der Streckenerweiderung vum Tram ginn och weider Ännerungen am RGTR-Reseau grad esou wéi am AVL-Déngscht.

Och wann de Minister schonn e puermol erkläert huet datt d’Konzept vum TRAM mat sech bréngt datt vun elo un ronn 1750 Busser manner duerch de Stadzentrum fueren, esou muss een awer feststellen datt d’Situatioun am Moment nach fir verschidde Géigende vum Land eng Verschlechterung vun der Offer am ëffentlechen Transport mat sech bréngt. Esou mussen Awunner aus verschiddene Géigenden am Oste vum Land, wann se mam ëffentlechen Transport vum Stadzentrum heem wëlle Fueren elo bal dat duebelt un Zäit aplange wéi virdrun. Dëst ass doduerch bedéngt datt se sech ëmmer an enger 1. Phase mam TRAM bis op de Kierchbierg musse begi fir da vun do aus de Bus ze huelen.  An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Deelt de Minister d’Meenung datt esou eng substantiell Verschlechterung am ëffentlechen Transport fir verschidde Géigende vum Land kann dozou féieren datt vill Leit dann awer rëm op den Auto ëmklammen?
  • Wa jo, wat gedenkt de Minister ze ënnerhuelen, fir datt bis zur kompletter Ëmsetzung vum neien RGTR-Reseau am Januar 2021, dee jo dann och soll ofgestëmmt sinn op den TRAM, d’Leit aus dem Oste vum Land eng besser Ubannung hunn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

              

Léon Gloden

Deputéierten

 

Beitrag deelen