Skip to content

Eisen Informatiounen no, hunn d’Gemengen keng Informatiounen iwwer Persoun, déi hir Walrecht geriichtlech oder anescht oferkannt kruten. Kënnen d’Madamm an den Här Minister mir erklären wéi d’Gemengen solle verifizéieren, dass déi betraffe Leit hir Walrecht net verluer hunn? Wéi kann ausgeschloss ginn, dass dës Persounen awer un der Kollekt deelhuelen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister an un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

 

An enger Circulaire n°4055 vum 5. November 2021, huet d’Madamm Inneministesch Instruktiounen iwwer de Verlaf vun der Ënnerschrëftekollekt en vue vun engem méigleche Referendum un d’Gemengen adresséiert.

 

Doran sinn e.a. och d’Konditiounen opgefouert, déi eng Persoun muss erfëllen, fir um Referendum kënnen deelzehuelen. Et sief dann och bemierkt, dass d’Gemengen nom Oflaf vun der Period fir d’Ënnerschrëftekollekt d’Resultater dovunner an engem Procès-Verbal attestéieren. An deem Kontext stelle sech eng Rei Froen:

 

  1. Eisen Informatiounen no, hunn d’Gemengen keng Informatiounen iwwer Persoun, déi hir Walrecht geriichtlech oder anescht oferkannt kruten. Kënnen d’Madamm an den Här Minister mir erklären wéi d’Gemengen solle verifizéieren, dass déi betraffe Leit hir Walrecht net verluer hunn? Wéi kann ausgeschloss ginn, dass dës Persounen awer un der Kollekt deelhuelen?

 

An der Circulaire heescht et weider:

 

En ce qui concerne les personnes déficientes visuelles et celles qui se trouvent dans l’incapacité physique d’apposer leur signature manuscrite : bien que la loi de 2005 soit muette à leur sujet, les autorités publiques ne peuvent pas procéder à une discrimination à leur égard. Ces personnes seront donc autorisées à se faire accompagner d’un soutien lequel signera en leur nom et place la liste. L’agent communal est tenu, dans ce cas, de vérifier l’identité de la personne accompagnatrice et d’en faire mention en marge du formulaire. Ne peuvent être soutien d’une personne malvoyante ou infirme les  titulaires d’un mandat électif national, communal ou européen, les personnes qui ne savent pas lire ou  écrire ainsi que celles qui sont exclues de l’électorat d’après les dispositions de l’article 6 de la loi  électorale modifiée du 18 février 2003.

 

  1. Wat ass d’Valeur juridique vun där Circulaire, vu dass d’Gesetz dëse Fall net reegelt?
  2. Wéi ka verhënnert ginn, dass Persounen, déi hir politesch Rechter verluer hunn, Begleetpersoune vun dëse geschwächte Persoune ginn, vu dass d’Gemengen dës Informatiounen net hunn?
  3. Kéint d’Ënnerschrëftekollekt duerch dës gesetzlech Deficiencen evtl. am Nachhinein a Fro gestallt ginn? Wéi een Impakt kéint dat op ee méigleche Referendum hunn?
  4. Wat riskéieren d’Gemengen, respektiv d’Gemengebeamten, déi eppes sollen attestéieren wat se net kënnen iwwerpréiwen a schlëmmstefalls net der Wouerecht entsprécht?
  5. Wéi wëllen d’Ministeren dës Deficiencen kuerzfristeg behiewen?
  6. Vu dass déi virgenannte Punkten och relevant sinn, bei de Gemengewalen (och Komplementarwalen), an och bei deenen nächste Chamberwalen, wéi a bis wéini wëll d’Regierung hei gesetzlech nobesseren?

 

Mat déifstem Respekt,

Léon Gloden
Deputéierten

Beitrag deelen