Skip to content

Firwat informéiert d’Regierung d’Leit net konsequent driwwer, dass d’Strooss tëscht Onsdorf an Tawer, no laangen Aarbechten rëm op ass, an als Auswäichméiglechkeet dénge kann?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

D’Wuermerbréck tëscht Wëncher a Wuermer a Richtung Lëtzebuerg ass zënter leschtem Mëttwoch gespaart. Dofir wäiche vill Frontalieren op d’Wellenerbréck aus, oder probéieren iwwert d‘Josef-Schnuch Strooss vu Wellen op Gréiwemaacher ze fueren. Dëst féiert zu onmoossege Réckstauen a Richtung Gréiwemaacher. Och d’Schoulbusse vun Temmels a Wellen a Richtung Nëttel an aner Linnebussen si betraff, a musse pro Faart mat iwwer 30 Minutte Verspéidung rechnen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wéi gedenkt d’Regierung d’Kooperatioun an d’Koordinatioun mat eisen däitschen Noperen ze verbesseren?
  • Wat ënnerhëlt d’Regierung fir dësem Stau entgéintzewierken? Kéinten do och Hiweis Schëlder op Lëtzebuerger Säit opgestallt ginn?
  • Firwat informéiert d’Regierung d’Leit net konsequent driwwer, dass d’Strooss tëscht Onsdorf an Tawer, no laangen Aarbechten rëm op ass, an als Auswäichméiglechkeet dénge kann?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert                                 Leon Gloden                                Max Hengel

Deputéiert

Beitrag deelen