Skip to content

Firwat kréie weder d’Operateure vum CITA , nach déi vum 113 an 112 d’Primmen, déi een als qualifizéierten Operateur zu gutt hätt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, un den Här Minister fir Mobilitéit an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weider ze leeden.

Laut dem « Règlement du Gouvernement en Conseil du 11 mars 1994 concernant la prime d’informatique » gesäit deen am Artikel 5 ënnert anerem folgendes vir : « La prime d’informatique est fixée à 12 points indiciaires pour les opérateurs détenteurs du diplôme d’opérateur. »

Eisen Informatiounen no kréien awer weder d’Operateure vum CITA (contrôle et information du trafic sur les autoroutes), nach déi vum 113 (a vun de jeeweilege Police Regiounen) an och net déi vum 112 déi genannte Primmen. Dat obwuel se alleguerten eng spezifesch a komplex Ausbildung als Operateur ofgeschloss hunn an hir Aarbecht quasi nëmmen op Informatik berout (ELS, RENITA Funk, Telefon, verschidden Datebanken, spezifesch Programmer asw.).

Dobäi géing eisen Informatiounen no eng einfach administrativ Validatioun vun hirer Qualifikatioun als Operateur zesumme mam CTIE duergoe fir déi genannte Primmen ze bewëllege vu que dass de gesetzleche Kader scho besteet.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung déi uewe genannten Informatioune bestätegen, dass kee vun deenen Agenten déi genannte Primme kritt? Wa jo, firwat?
  2. Gedenkt d’Regierung an deem Fall dat ze änneren an déi genannte Primmen ze bewëllegen? Wa nee, firwat?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden                                                    Diane Adehm

Deputéierten                                                  Deputéiert

Beitrag deelen