Skip to content

Gedenkt d’Ministesch och eng Primm fir emissiounsfräi oder emissiounsaarm Busser, Camion’en an aner grouss Aarbechtsmaschinnen anzeféieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Primme bei Camionen, Busser oder soss gréisser Gefierer un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.
Den Ausbau vun der E-Mobilitéit ass e wichtege Schrëtt fir ons Klimaziler ze erreechen. Niewent elektreschen Autoen, Vëloen a Camionnetten, fir déi et och eng Primm gëtt, ginn et mëttlerweil awer och Camion’en a Busser, souwuel mat engem 100% elektreschen Undriww wéi och an enger hybrider Ausféierung, um Marché ze kafen. D’Entrepreneuren di sech kéinte virstellen hir klassesch bedriwwe schwéier Gefierer duerch emissiounsfräi oder emissiounsaarm Gefierer ze ersetzen, kënnen awer bis ewell net vun esou enger Primme profitéieren.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:
Gedenkt d’Ministesch och eng Primm fir  emissiounsfräi oder emissiounsaarm Busser, Camion’en an aner grouss Aarbechtsmaschinnen wéi en Bagger anzeféieren?
Wann nee, wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
Wann jo, wéini kënnen d’Entrepreneuren domadder rechnen hir Demande ze stellen a kann d’Ministesch schonn ofschätzen em wéi ee Montant et sech dobäi handele kéint?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden
Deputéierten

Beitrag deelen