Skip to content

Innerhalb vun net mol enger Woch sinn hei am Land zwee Bancomate gesprengt ginn. Schafft d´Regierung mat de Bedreiwer vun de Bankautomaten zesummen, fir eng gemeinsam Léisung vum Problem ze fannen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Innerhalb vun net mol enger Woch sinn hei am Land zwee Bancomate gesprengt ginn, als éischt zu Käerjeng (scho fir d´zweet op der selwechter Platz) an duerno zu Esch-Sauer. An de leschte Jore koum et ëmmer erëm zu esou Sprengungen hei am Land.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Sinn an der Vergaangenheet scho konkret Mesure geholl ginn, fir géint esou eng Doten virzegoen?
  • Wéi eng Mesurë gedenkt den Här Minister an Zukunft ze huelen, fir esou Fäll ze evitéieren?
  • Schafft d´Regierung mat de Bedreiwer vun de Bankautomaten zesummen, fir eng gemeinsam Léisung vum Problem ze fannen? Wann nee, firwat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen