Skip to content

Kann den Här Minister ons confirméieren, dass et an de leschten Deeg, zu a ronderëm Méchela, zu enger Réi vun Abréch komm ass?

Här President,

Esou wéi et am Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Onsen Informatiounen no, koum et an de leschten Deeg zu enger Réi vun Abréch a privaten Haiser zu Méchela an an der Ëmgéigend.

An dem Kontext, géinge mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Kann den Här Minister ons confirméieren, dass et an de leschten Deeg, zu a ronderëm Méchela, zu enger Réi vun Abréch komm ass?
  • Wa jo, kann den Här Minister ons konkret Zuelen nennen?
  • Huet den Här Minister weider Informatiounen zum Hannergrond vun dëse répétitive Virfäll an enger bestëmmter Géigend?
  • Gedenkt den Här Minister spezifesch op dës Virfäll ze reagéiere a wa jo, wéi?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                        Léon Gloden

Deputéiert a Co-Fraktiounspresidentin              Deputéierten

Beitrag deelen