Skip to content

Kann den Här Premier- a Staatsminister eis iwwer déi allgemeng terroristesch Bedrohung hei am Land informéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Premier- a Staatsminister weiderzeleeden.

Wéi RTL den 3. Abrëll gemellt huet, goufen et „rezent“ am Süde vum Land Perquisitioune wéinst Finanzéiere vun Terrorismus. An engem Communiqué huet de Parquet matgedeelt, datt d’Sektioun „antiterrorisme“ vun der Police judiciaire Perquisitioune bei 4 Leit doheem gemaach hätt. Dës gi verdächtegt, enger weiderer Persoun, déi vu sech behaapt enger terroristescher Beweegung unzegehéieren, Fongen zoukomme gelooss ze hunn. D’Enquête leeft nach. Zwee Leit wieren an Untersuchungshaft gesat ginn. Eng drëtt Persoun steet ënner contrôle judiciaire. Déi dräi Verdächteg sinn inculpéiert wéinst Finanzement vun Terrorismus.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Premier- a Staatsminister stellen:

1. Wéi schätzt den Här Premier- a Staatsminister déi uewe genannten Enquête mat Perquisitioun am Süde vum Land sécherheetspolitesch an?

2. Kann den Här Premier- a Staatsminister eis soen, ob et sech hei ëm Eenzelfäll handelt oder ass de Problem vum Finanzement vum Terrorismus ee Phänomen, deen am Moment un Envergure gewënnt?

3. Kann den Här Premier- a Staatsminister eis doriwwer eraus iwwer déi allgemeng terroristesch Bedrohung hei am Land informéieren? Ass dës Gefor a leschter Zäit éischter méi grouss oder méi kleng ginn? Wat gedenkt d’Regierung heigéint politesch ze ënnerhuelen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden Laurent Mosar

Deputéierten Deputéierten

Beitrag deelen