Skip to content

Kann d’Regierung confirméieren datt et och nom 22. Juni 2021 Problemer mam ELS vun der Police gouf ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Déi zoustänneg Ministeren haten an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert datt et den 22. Juni 2021 eng informatesch Pann gouf déi Repercussiounen op den Einsatzleitsystem (ELS) an d’Noutruffnummer 113 vun der Police hat.

Eisen Informatiounen no funktionéiert d’Software déi benotzt gëtt nach ëmmer net richteg an e gi permanent Problemer. Dee selwechte System géif anscheinend och an den USA benotzt an och do kënnt et wuel des Ëfteren zu Ausfäll.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gëtt fir den ELS vun der Police d’Software vun Intergraph benotzt ?
  2. Wa jo, ass d’Regierung driwwer informéiert datt et och am Ausland Problemer mat dëser Software gëtt ?
  3. Kann d’Regierung confirméieren datt et och nom 22. Juni 2021 Problemer mam ELS vun der Police gouf ?
  4. Wa jo, war zäitweis déi permanent Disponibilitéit vum ELS nët garantéiert ?
  5. Wat sinn déi konkret Problemer vum besote System a wéi laang brauchen se am Fall vun enger Pann fir erëm operationell ze sinn ?
  6. Wéi ass virgesinn datt all zoustänneg Acteuren handelen am Fall vun enger Pann vum System ?
  7. Fir wat hunn den 112 an den 113 ënnerschiddlech Systemer ?
  8. Ob Basis vu wéi enge Critèrë gouf de System ausgewielt ?
  9. War deemools scho bekannt datt et Probleemer ginn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

              

 

Léon Gloden                            Laurent Mosar           Marc Lies

Deputéierten                           Deputéierten               Deputéierten

Beitrag deelen