Skip to content

KRÉIEN D’LEIT DE CHOIX WOU SE SECH IMPFE LOOSSEN?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Gëschter war bekanntlech an der Presse gewuer ze ginn datt den Osten mat Munneref och en Impfzenter wäert kréien, wat begréissenswäert ass a wat mir jo an de leschte Wochen ëfters gefuerdert haten.

Et ass awer eng Realitéit datt Munneref fir d’Awunner aus de Kantone Gréiwemaacher an Iechternach aus dem Bezierk Osten awer relativ wäit ewech ass, an datt do evtl. aner Impfzentere méi no wieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung eis bestätegen datt et de Leit déi eng Invitatioun fir d’Impfung kréien, fräigestallt ass, a wéi engem Impfzenter si sech impfe loossen?
  2. Wann nee, ass ugeduecht datt en zweeten Impfzenter an den Osten kënnt ?
  3. Wéi eng Impfcapacitéit pro Dag ass fir den Impfzenter Munneref virgesinn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch      Octavie Modert        Léon Gloden

Deputéiert                               Deputéiert                Deputéierten

Beitrag deelen