Skip to content

Kuerz virum Waldhaff musse Wanderer queesch iwwer d‘N11 goen, fir vun där enger op déi aner Säit ze kommen, fir datt si hir gewielte Route kënne bäihalen. Deelen déi Häre Ministeren d‘Meenung, datt déi beschriwwe Situatioun misst entschäerft ginn, fir de Risiko vun Accidenter ze reduzéiere respektiv ze vermeiden?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Infrastrukturen an un den Här Minister fir Tourismus weiderzeleeden.

Laanscht d‘N11 tëscht der Uertschaft Gonnereng an dem Waldhaff verlafen am Gréngewald eng Réi Vëlosweeër, MTB-Strecken a Wanderweeër. Bäi engem Deel vun dëse Weeër mussen d‘Wanderer oder d‘Cycliste kuerz virum Waldhaff queesch iwwer d‘N11 goe respektiv fueren, fir vun där enger op déi aner Säit ze kommen, fir datt si hir gewielte Route kënne bäihalen.

Well op der N11 permanent relativ vill Trafic ass, ass et net ongeféierlech, wann d‘Leit mussen iwwer d’Fuerbunne goen oder fueren. A wann am Fréijoer d‘Leit erëm méi aktiv dobausse ginn, wäerten erëm ganz vill Einheimescher an och Touristen des Weeër notzen. Domat klëmmt dann och de Risiko vun Accidenter.

Virun dësem Hannergrond wollte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Infrastrukturen an un den Här Minister fir Tourismus stellen:

  • Deelen déi Häre Ministeren d‘Meenung, datt déi beschriwwe Situatioun misst entschäerft ginn, fir de Risiko vun Accidenter ze reduzéiere respektiv ze vermeiden?
    • Wa jo, wéi eng Léisunge wiere virstellbar?
  • Wier eng Unterführung eng méiglech Léisung?
    • Wa jo, wat géif dës Solutioun kaschten a bis wéini kéint se realiséiert sinn ?
    • Wann net, firwat consideréieren déi Häre Ministeren en ënnerierdesche Passage net als Léisung ?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel                                                 Léon Gloden

Deputéierten                                              Deputéierten

Beitrag deelen