Skip to content

Laut eisen Informatioune sinn d’Hëllefe fir d’Schied vun den Héichwaasserkatastrophen ausbezuelt ginn. Wéi vill Geld ass insgesamt aus dem Hëllefspak vun der Regierung un d’Gemengen ausbezuelt ginn?

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d´Héichwaasserschied un d´Madamm Finanzministesch an d´Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 14. Juli ass ze liesen, dass d´Hëllefe fir d´Schied vun den Héichwaasserkatastrophen ausbezuelt gi sinn. An Zukunft wäre no Préiwung vun den Dossier´en keng weider finanziell Ënnerstëtzunge méi ze erwaarden. Déi ausbezuelten Zomme ginn Aussoe vun de Gemengeresponsabelen awer net duer, fir déi 2021 entstane Schied an de Gemenge ganz ze couvréieren, wat déi concernéiert Gemengen a finanziell Schwieregkeete kéint bréngen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamme Minister riichten:

  • Wéi vill Geld ass insgesamt aus dem Hëllefspak vun der Regierung un d´Gemengen ausbezuelt ginn? Wéi eng Zomme ass vun de Gemengen ugefrot ginn? Wéi vill Prozent vun den ugefroten Indemnisatiounen sinn an den anere Gemengen ausbezuelt ginn?
  • Kënnen d´Madamme Minister d´Informatioune confirméieren, dass keng weider Suen un déi concernéiert Gemengen ausbezuelt ginn? Wa jo – firwat?
  • Wa jo – ginn et nach aner Fongen, wéi z. Bsp. e Katastrophefong, bei deem d´Gemenge kënnen Hëllef ufroen?
  • Wat gedenkt d´Regierung an Zukunft ze ënnerhuelen, fir d´Gemengen a sou Katastrophefäll besser kënnen ze ënnerstëtzen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

   Max Hengel                                    Léon Gloden                  Octavie Modert     

    Deputéiert

Beitrag deelen