Skip to content

Mengt den Här Minister, dass d´Iwwerlaaschtung vun der Unisec laangfristeg gesinn e grousse Problem ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu mannerjärege Gewalttäter un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Laut engem Artikel aus dem Luxemburger Wort ginn et ëmmer méi jugendlech Banden, déi sech organiséiere fir Gewalt vis-à-vis vun hire Matmënschen auszeüben. Et geet dorëm, den Affer schwéier Blessuren unzedoen an dann domat a gespaarten Internet-Foren unzeginn. D´Affer soen aus Angscht viru weideren Attacke seelen aus an der Police sinn op Grond vum Alter vun de Jugendleche meeschtens d´Hänn gebonnen. Dobäi kënnt nach, dass d´Unisec zu Dräibuer komplett iwwerlaf ass an deemno keng Ariichtung fir dës schwéier kriminell Jugendlecher disponibel ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister riichten:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo – wéi geet d´Police momentan géint dës Bande vir ? Wéi soll e weidert Ausbreede vun dëser Gewalt ënnerbonne ginn?
  • Mengt den Här Minister, dass d´Iwwerlaaschtung vun der Unisec laangfristeg gesinn e grousse Problem ass? Wa jo – wéi gedenkt d´Regierung dorop ze reagéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

                                                                                                                               

Léon Gloden                                                              Laurent Mosar

Deputéierten                                                           Deputéierten

Beitrag deelen