Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung weider ze leeden.
No de rezenten Iwwerschwemmunge stelle vill Privatleit sech Froen iwwert den Ëmgang mam Reschtschlamm an hire Privatgäert. An déi selwecht Froe stellen sech och vill landwirtschaftlech Betriber. Och a grad, wat hiert Véi ugeet.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Wéi gesinn déi genee Consignë vun der Regierung aus, wat den Ëmgang mat Reschtschlamm no den Iwwerschwemmungen ugeet?
- Wéi solle Privatleit an dem Kontext mat hire Privatgäert ëmgoen? Wat fir eng Sécherheetsmesurë sinn eventuell ze huelen, z.B. wat d’Geméis ugeet?
- Wéi solle landwirtschaftlech Betriber sech hei verhalen? Grad och Betriber mat Béischten op landwirtschaftleche Flächen?
- U wien kënnen d’Leit sech mellen, wann se wieder Hëllef oder präzis Informatioune brauchen?
- Ass virgesinn, datt d’Regierung d’Käschte ganz oder deelweis vun eventuell néidegen Analyse vu Buedemprouwen iwwerhëllt?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Léon Gloden Octavie Modert
Deputéierten Deputéiert