Skip to content

No der Héichwaasserkatastroph krute verschide Gemenge vun de versprachenen Hëllefen fir hir eege Schied zum Deel ze decken nach näischt iwwerwisen. Wat sinn d’Grënn dofir ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Héichwaasser vum Juli 2021 un Madamm Inneminister weiderzeleeden.

D’Héichwaasserkatastroph am Juli lescht Joer huet a verschiddene Géigende vum Land extrem Schied hannerlooss vun deem esouwuel Privatleit, Baueren, Geschäftsleit an och Gemenge betraff waren.

D’Regierung hat alle Concernéierte séier an onbürokratesch Hëllef versprach. Eng 50 Milliounen Euro un Direkt-Hëllefe sinn deemools op de Wee bruecht gi fir de Betraffene vun dëser Naturkatastroph ze hëllefen. Eng Rei Bäihellefen sollten zum Deel iwwer de Familljeministère ofgewéckelt ginn, anerer iwwer de Landwirtschaftsministère an dem Mëttelstandsministère respektiv dem Inneministère.

Eisen Informatiounen no ass et awer esou datt d’Gemenge bis elo vun de versprachenen Hëllefen fir hir eege Schied zum Deel ze decken näischt iwwerwise kruten.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Inneminister riichten:

  • Kann d’Regierung dës Informatioun bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Wéi vill Gemengen hunn en Dossier beim Staat agereecht?  Wéi héich sinn d’Schied, déi d’Gemengen beim Staat deklaréiert hunn?
  • Wéi vill Bäihellefen si vun de jeeweilege Ministèren u Privatleit an Entreprisen ausbezuelt ginn a wat ass d’Unzuel u Beneficiaire vun dësen Bäihellefen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

   Max Hengel                              Léon Gloden                             Octavie Modert

 

    Deputéiert

Beitrag deelen