Skip to content

Nom Brand vu Juni 2021 huet et vu Säiten vun der Prisongsverwaltung geheescht, dass technesch Alternativen zu Briqueten an Sträichhölzer, déi d’Prisonnéier bäi sech droen fir an der Zell ze fëmmen, géifen ënnersicht ginn ? Wat huet dës Etude erginn ?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement dat virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Mëtt Juni 2021 gouf ee Feier am Prisong zu Schraasseg gemellt. Ee Prisonéier soll, laut Presseinformatiounen, Feier a senger Zell geluecht hunn.

 

Gëschter huet et op en Neits zu Schraasseg am Prisong gebrannt. Och an dësem Fall soll ee Prisonéier Feier geluecht hunn.

 

Aus dësem Grond wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

 

  • Kann d’Madamm Ministesch mer matdeelen, wéi vill där Bränn sech déi lescht 5 Joren am Prisong zu Schraasseg zougedroen hunn ?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis d’Ëmstänn vum rezente Brand erklären ?

 

  • Nom Brand vu Juni 2021 huet et vu Säiten vun der Prisongsverwaltung geheescht, dass technesch Alternativen zu Briqueten an Sträichhölzer, déi d’Prisonnéier bäi sech droen fir an der Zell ze fëmmen, géifen ënnersicht ginn ? Wat huet dës Etude erginn ? Koum et schonn zu techneschen Adaptatiounen ? Wa jo, wéi eng ?

 

  • Wat gouf zanter Juni 2021 méi allgemeng um Sécherheetsdispositif vum Prisong zu Schraasseg an anere zouene Strukture geännert fir op dës Virfäll ze reagéieren ?

 

 

Mat déifstem Respekt,

Léon Gloden
Deputéierten

Beitrag deelen