Parlamentaresch Fro vun den Ost-Deputéiert 31. Mäerz 2016 An der Chamber Wéi kann de Service vun der Post am ganzen Oste garantéiert ginn ? Mam Zoumaache vun enger Partie Postbureauen am Land, verschwannen ënnert anerem och déi zu Bäerdref, Beefort an Konsdrëf. D’CSV Ost Deputéiert froe wéi de Service an deene Géigende soll garantéiert ginn zemol et do an der Géigend och keng Raiffeisen oder ee Cactus gëtt, mat deenen d’Post elo zesumme schafft.