Skip to content

Question Parlementaire urgente iwwer Analyse vun Drenkwasser

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d´Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

De regionalen Drénkwaassersyndikat SIDERE huet den 11. Dezember géint 19.00 Auer an engem Communiqué matgedeelt, dass d´Biergerinnen a Bierger aus verschiddenen Dierfer aus insgesamt aacht Ost-Gemenge keen Drénkwaasser méi sollte consomméieren. Freides sinn, laut mengen Informatiounen, éischt Prouwe geholl ginn an dozou sinn och nach komplementar Prouwe bei engem private Laboratoire an Optrag gi ginn. Wéi et schéngt, dauert et bis e Méindeg, bis definitiv Analysen do sinn.

Well d´Leit am Land vill Waasser vum Krunn drénken an dat och vun der Regierung erwënscht ass, géing ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d´Madamm Ministesch dës Informatioune confirméieren?
  • Ginn et national Noutfallpläng am Fall vun esou Incident´en mam Waasser?
  • Wier et fir d´Madamm Ministesch net ubruecht fir eng zentral, staatlech Ulafstell ze schafen, wou all d´Analyse vum Drénkwaasser kéinte gemaach ginn, och en Urgence iwwert de Weekend?
  • Wann jo, wéi sollt esou e Projet ëmgesat ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen