Skip to content

Stëmmt d’Madamm Ëmweltministesch dann elo enger Erweiderung vun der Sammelpalette vum bloe Sack(Valorlux) zou?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Recyclage vu Verpakungsoffäll un d’Madamm Ëmweltministesch, weider ze leeden.

Laut der EU Directive 2018/852 muss Lëtzebuerg bis 2025 65% vun dem gesamte Verpakungsoffäll a 50% vu Verpakungsoffäll aus Plastik recycléieren. Dës Quote ginn 2030 nach méi streng. Fir dës Tauxen ze erreechen huet de Ministère zesumme mat der Valorlux 2019 een éischte Pilotversuch gestart fir Erauszefannen ob duerch eng Erweiderung vun der Sammelpalette vum bloe Sak des Ziler kéinten erreecht ginn, an ob d’Sammelvirschrëften vun de Bierger richteg ugewannt géife ginn an et net zu enger Verschlechterung vun der Qualitéit vun de gesammelte Quantitéiten féiere géif.

Nodeems den éischte Versuch an dräi verschidde Gemengen (ländlech, urban a gemëscht) positiv Resultater geliwwert huet, ass op Verlaange vun der Emweltverwaltung en zweete komplementare Versuch an Zesummenaarbecht mat dem SIDEC an all deem sénge 46 Membersgemenge gestart ginn. Wéi aus dem rezenten Ofschlossbericht eendäiteg ervirgeet, hu sech déi positiv Resultater aus dem éischte Versuch confirméiert, ech zitéieren: „Die Resultate des Pilotprojekts zeigen, dass eine landesweite PMG-Sacköffnung wesentlich zur Realisierung der künftig von der Valorlux a.s.b.l zu erfüllenden und ggü. der Umweltbehördenachzuweisenden Recyclingquoten beitragen kann”. Den Undeel vu Plastiksverpackungen huet sech deem Rapport no erhéicht woubäi sech gläichzäiteg den Undeel vu Reststoffer, déi net doranner gehéieren an net direkt kënnen recycléiert ginn, esou guer reduzéiert (op 8,62 Gewiicht-%) huet. Domadder konnten engersäits méi Plastiksverpaackungen der Recyclingschinn zougefouert ginn an anerersäits ass d’Qualitéit och besser ginn soudass d’Zil  vu maximal 10 % Reststoffundeel, wat duerch d´Emweltverwaltung verlaangt gëtt, erfëllt ass.

Et kann een an deem Kader och nach drun erënneren, datt déi landeswäit Hausoffallanalys 2019 schonn gewisen hat, dass et nach grouss Potenzialer bei de recycléierbare Plastiksverpackungen zu Lëtzebuerg gëtt, well nach ëmmer eng signifikant Quantitéit  dovun an der groer Tonn lant. An där Analys gëtt dann och schon eng landeswäit Erweiderung vum bloe Sak ugeroden fir esou méi a besser ënner aanerem Plastikverpaackungen kënnen ze sammelen an ze recycléieren an déi europäesch Tauxen z´erfëllen.

An enger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3024 vum 22. Oktober 2020 vum Deputéierten Här Léon Gloden zu dësem selwechten Thema steet, dass nom Enn vum Pilotprojet (1. Dezember 2020) eng „definitiv Decisioun“ géif getraff ginn an, dass wann „d’Resultater positiv sinn, kann dëse System am ganze Land agefouert ginn“.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Opgrond vum Rapport zu dem zweete Pilotprojet vun der Valorlux, gedenkt d’Ministesch dann elo déi ugekënnegt Decisiounen fir eng Erweiderung vun der Sammelpalette vum bloe Sack ze huelen an ze kommunizéieren? Wéini soll dat sinn, nodeems dat schon säit Enn 2018 tëscht der Emweltverwaltung an der Valorlux diskutéiert gëtt?
  2. Confirméiert d’Ministesch, datt dës Strategie een Element ass vun engem méi effiziente Sammel- a Recyclingsystem an och méi käschtegënschteg fir d’Gemengen a virun allem d´Bierger ass, wéi des Wäertstoffer weider mussen iwwert déi gro Tonn der Entsuergung zouzeféieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen