Skip to content

Stëmmt et datt d´Agente vum CGDIS, déi an de Grenzregiounen op Asätz fueren, direkt hannert Grenz keen Zougang méi op dat internt Funknetz kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der interener Kommunikatioun beim CGDIS un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Laut mengen Informatioune kréien d´Agente vum CGDIS, déi an de Grenzregiounen op Asätz fueren, direkt hannert Grenz kee Zougang op dat internt Funknetz méi. Dat bréngt mat sech, dass si net méi kënne mam 112 kommunizéieren, et sief dann mat hirem Privathandy. Am Fall vun engem Ausfall vum Handyréseau wäer deemno guer keng Kommunikatioun méi méiglech, wat bei enger Urgence kann fatal sinn. En plus géingen an deene Situatiounen och d´Navigatiounssystemer vum CGDIS net funktionéieren, wat e weidere Problem duerstellt. D´Agente géingen also riskéiere bei Asätz op sech eleng gestallt ze sinn, wat net am Interêt vum CGDIS a vun der allgemenger Sécherheet ka sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d´Madamm Ministesch dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, wéi sinn dës Problemer z´erklären?
  • Wa jo, wéi gedenkt d´Madamm Ministesch dës Problemer an Zukunft an de Grëff ze kréien?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen