Skip to content

War d’Regierung am Virfeld informéiert ginn dass D‘CHAFEA (European Commission’s Consumers, Health, Agriculture and Food Executive Agency) op Bréissel plënnert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weider ze leeden.

D‘CHAFEA (European Commission’s Consumers, Health, Agriculture and Food Executive Agency), eng europäesch Institutioun mat Sëtz op der Cloche d’Or, huet ugekënnegt datt Ufank 2021 hir ronn 80 Employéë sollen op Bréissel plënnere fir do an der nei geschaafter „European Innovation Agency“ integréiert ze ginn.

Déi Mataarbechter vun der CHAFEA déi net wëlle mat op Bréissel wiessele solle gehollef kréien eng aner Platz zu Lëtzebuerg ze fannen oder vum Chômage profitéiere kënnen.

An de leschte Joren huet Lëtzebuerg gestruewelt fir europäesch Institutiounen am Land ze halen, well d’EU Mataarbechter dat selwecht verdénge wéi zu Bréissel, d’Liewenskäschten awer 10,5% méi héich sinn. Den Ausseminister huet sech d’lescht Joer dowéinst agesat fir d’EU-Employéeën an huet ugekënnegt datt d’Regierung géif dru schaffe fir hinne besser Liewens- an Aarbechtskonditiounen ze bidde fir datt de Grand-Duché weiderhi géif attraktiv bleiwe fir europäesch Institutiounen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. War d’Regierung am Virfeld iwwer d’Decisioun vun der Chafea informéiert ginn? Wa jo, waren Alternativen ugebuede ginn, fir datt dës Institutioun eventuell géif zu Lëtzebuerg bleiwen oder datt déi nei European Innovation Agency géif zu Lëtzebuerg ugesidelt ginn?
  2. Ass d’Regierung elo dru bedeelegt fir den Employéë vun der Chefea déi wëllen zu Lëtzebuerg bleiwen, nei Posten ze sichen?
  3. Wat ass bis elo konkret ënnerholl gi fir datt de Grand-Duché och an Zukunft soll attraktiv bleiwe fir europäesch Institutiounen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag deelen