Skip to content

Wat fir Mesurë gi geholl fir d’Police de manière générale besser viru Gewalt ze schützen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Um Virowend vun Nationalfeierdag ass et an der Stad zu e puer Kläppereie komm bei deenen e puer Persounen an och 3 Poliziste blesséiert goufen. Et ass net déi éischte Kéier dës Joer datt Beamten am Déngscht blesséiert goufen.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Virfäll goufen et an de leschten 2 Joer bei deene Poliziste blesséiert goufen ?
  2. Wéi laang konnten déi jeeweileg concernéiert Beamten no hire Blessuren net am Déngscht sinn ?
  3. Wat fir Mesurë gi geholl fir d’Police de manière générale besser viru Gewalt ze schützen ?
  4. Virum Hannergrond vun dëse rezente Virfäll, gedenkt d’Regierung evtl. hir Positioun par Rapport zu de Bodycams ze iwwerdenken ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                    Léon Gloden

Deputéierten                                                        Deputéierten

Beitrag deelen