Skip to content

Wat geschitt mat Léit déi sech ënnert dem Virwand vun engem arrangéierte Bestietnis zu Lëtzebuerg ophalen? Ginn dës ausgewisen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

No den dramateschen Ereegnesser vum 19. September 2022 zu Mont-Saint-Martin (F), wou eng 40-järeg Fra ëmbruecht ginn ass an hannert engem verloossene Supermarché just nach hier doudeg Iwwerreschter konnte gebuerge ginn, melle lokal Medien, datt et sech em ee „Fémicide“ handele soll. Zeienaussoen no solle geféierlech Banden involvéiert sinn, an d’Fra soll och scho virdrun Affer vu Gewalt, Mësshandlung an organiséierter Kriminalitéit gewiescht sinn. Deemno ginn divers portugisesch Medien dovun aus, datt eng sougenannten Pass-Mafia involvéiert ass an datt d’Fra an engem arrangéierte Bestietnes mat engem marokkanesche Staatsbierger zu Lëtzebuerg gelieft huet.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet riichten:

  • Kënnen d’Madamm an den Här Minister bestätegen, datt et eng Pass-Mafia zu Lëtzebuerg gëtt?
    • Wa jo, wat gedenkt d’Regierung dogéint z‘ënnerhuelen?
  • Fënnt op esou Dossieren eng Kooperatioun mat der Justiz an de Policeautoritéiten aus der Groussregioun statt?
  • Wat geschitt mat Léit déi sech ënnert dem Virwand vun engem arrangéierte Bestietnis zu Lëtzebuerg ophalen? Ginn dës ausgewisen?

 

Här President, mir bieden Iech, eise Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar                                                Léon Gloden

Deputéierten                                                                Deputéierten

Beitrag deelen